Family Learning - An der Famill léieren
De Regierungsprogramm 2013 – 2018 setzt sech dofir an, d'Kultur vum Léieren an de Familljen ze fërderen:
"Et gëtt en neien Dispositif ënnert dem Numm "Family Learning" ugebueden, dee Kanner, Elteren, Schoulen an Erwuessenebildung zesummebréngt an den Eltere Formatiounen iwwer verschidde Sujeten, wéi de Fonctionnement vun der Schoul, d'Landessproochen, d'Freed um Liesen an aner Theme proposéiert."
Am Kader vun der Europäescher Agenda fir d'Bildung an d'Ausbildung vun Erwuessenen huet de Ministère déi aktuell europäesch Politik a Praktiken ënnersicht an en nationale Kader fir d'Ëmsetzung vum Family Learning ausgeschafft.
Zil vum Family Learning ass et, eng Kultur vum Léieren an de Familljen ze schafen.
Firwat?
D'Elteren an d'Famill spillen eng entscheedend Roll an der Educatioun souwéi an der Formatioun vun hirem Kand. D'Projete vum Family Learning, déi a ville Länner ëmgesat ginn, hu gewisen, datt d'Abanne vun den Eltere positiv Auswierkungen op de schouleschen Erfolleg vun de Kanner huet.
Wéi?
D'Partnerschaft mat den Elteren an de Family Learning sinn an eng educativ-schoulesch Erfollegsstrategie integréiert. D'Eltere ginn als Partner bei der Educatioun ugesinn; si ginn als déi éischt Erzéier vun hirem Kand unerkannt a valoriséiert a gi beim Ausübe vun dëser Roll ënnerstëtzt.
De Family Learning ass an d'Educatiouns- a Formatiounsoffer fir Erwuessener integréiert an hëlleft den Elteren, hir Grondkompetenzen, hir erzéieresch Kompetenzen an hir sproochlech Kompetenze weiderzëentwéckelen.
Wat?
De Family Learning ëmfaasst folgend Mesuren:
- gemeinsam Aktivitéite mat Elteren a Kanner,
- Promotiounscampagnë fir d'Liesen,
- Informatiounen a Formatioune fir Elteren.
Dës Mesure betreffen d'Fërdere vun de Lies-, Schreif- a Rechefäegkeeten, d'Léiere vu Sproochen, de Fonctionnement an d'Erausfuerderunge vun der Schoul a vum Léierprozess.
Wien?
Family Learning betrëfft am gläiche Mooss d'Kanner, d'Elteren, d'Educatiouns- a Betreiungsstrukturen, d'Schoulen, d'Lycéeën, d'Erwuessenebildung an d'Zivilgesellschaft.