Travailleur désigné
Der Lëtzebuerger Gesetzgebung no ass den Employeur verflicht, all néideg Moossnamen ze ergräifen, fir d'Sécherheet an d'Gesondheet vu senge Mataarbechter ze schützen. Fir dës Aufgaben ze erfëllen, muss den Employeur ënnert senge Mataarbechter op d'mannst eng Persoun ernennen, déi fir dësen Zweck geschoult gëtt, an dat ass den Travailleur désigné.
Den Travailleur désigné ass zoustänneg fir d'Aktivitéiten, déi op d'Präventioun an de Schutz géint Beruffsrisiken am Betrib ausgeriicht sinn. All Salarié, deen esou ernannt gouf, muss iwwer déi néideg Qualifikatiounen, Erfarung a Formatioune verfügen, fir seng Funktioun bannent 12 Méint no senger Nominatioun ausüben ze kënnen.
D'Zuel vun den Travailleur-désignéen, déi pro Betrib néideg sinn, an d'Zäit, déi hinnen zur Verfügung gestallt muss ginn, hänkt vun der Zuel vu Mataarbechter am Betrib, vun der Zuel vun de Risikoaarbechtsplazen a vum Tätegkeetsberäich vum Betrib of.
D'Betriber sinn a Gruppen (A, B, C, D, E, F, G) an an Ënnergruppe klasséiert, déi ënner anerem d'Konditioune fir d'Qualifikatioun an d'Formatiounsmodalitéite vum Travailleur désigné bestëmmen.
D'Formatioune fir Travailleur-désigniéë ginn, ofhängeg vum betraffene Secteur, organiséiert:
- vum House of Training;
- vun der Handwierkschamber (Chambre des Métiers);
- vum Institut de Formation Sectoriel du Bâtiment (IFSB).
Wann de Salarié d'Ufuerderungen a puncto Formatioun net erfëllt, muss den Employeur hien:
- an eng passend Formatioun aschreiwen (op Käschte vum Betrib)
- an him Formatiounscongé accordéieren.
Méi Informatiounen