Reglementéiert Gesondheetsberuffer
Fir verschidde Beruffer am Gesondheetsberäich, déi sougenannt reglementéiert Gesondheetsberuffer, zu Lëtzebuerg ausüben ze kënnen, brauch een eng Autorisatioun, déi vum Gesondheetsministère ausgestallt gëtt.
Fir dës Autorisatioun ze kréien, muss de Kandidat verschidde Konditiounen am Zesummenhang mam Beruff, mä och mat senger physescher a psychescher Gesondheet erfëllen, déi fir d'Ausübe vum Beruff onëmgänglech sinn.
Déi reglementéiert Gesondheetsberuffer ginn am Artikel 1 vum geännerte Gesetz vum 26. Mäerz 1992 iwwer den Exercice an d'Opwäertung vu verschiddene Gesondheetsberuffer opgezielt.
- Aide soignant
- Assistant d’hygiène sociale
- Assistant social
- Medezinesch-techneschen Assistent am Laboratoire
- Medezinesch-techneschen Assistent an der Radiologie
- Medezinesch-techneschen Assistent an der Chirurgie
- Dieteticien
- Ergotherapeut
- Infirmier
- Infirmier an der Anästhesie an an der Reanimatioun
- Infirmier an der Pediatrie
- Infirmier gradué
- Infirmier an der Psychiatrie
- Laborant
- Masseur
- Masseur - Kinesitherapeut
- Orthophonist
- Orthoptist
- Osteopat
- Heilpädagog
- Podolog
- Reeducateur an der Psychomotorik
- Hiewan