Beruffer am Handels-, Immobilien-, HORECA- an Transport-Secteur
D'Kreatioun vun engem Betrib zu Lëtzebuerg bitt reell berufflech Perspektiven, ënnert der Viraussetzung, dass een d'Basistechnike vum Management, déi fir de Succès vun engem Projet d'entreprise onëmgänglech sinn, beherrscht.
D'Formatiounen, déi d'House of Training am Partenariat mat der Chambre de Commerce ubitt, fërderen den Esprit d'entreprise an erlaben et Kandidaten, déi sech selbststänneg maache wëllen, eng Handelsermächtegung (autorisation d'établissement) fir déi verschidden Beruffer am Commerce (am wäiteste Sënn) ze kréien.
D'Formatioune vum House of Training begleede Persoune mat engem Projet d'établissement, déi Zougang zu folgende Beruffer kréie wëllen:
Beruffer am Commerce
| - Net speziell reglementéiert Beruffer
|
Beruffer am Immobiliesecteur | - Immobilienagent
- Promoteur immobilier
- Immobilieverwalter an Hausverwalter (Syndic de copropriété)
|
Beruffer am HORECA-Secteur | - Exploitant vun engem Ausschank fir alkoholescht an alkoholfräit Gedrénks
- Exploitant vun engem Restauratiouns- an/oder Hebergementsbetrib
|
Beruffer am Transportsecteur | - Transporteur vu Wueren an/oder Reesenden iwwer d'Stroossen
|