Handwierker
A verschiddene Beruffer ass de
Brevet de maîtrise (Meeschterkaart) eng onverzichtbar berufflech Qualifikatioun, fir
sech selbststänneg ze maachen an Apprentien ausbilden ze kënnen.
De Brevet de maîtrise ass déi typesch Ausbildung vun engem Chef d'entreprise. Si adresséiert sech un zukünfteg Betribsleeder grad ewéi un all Persoun, déi e Poste mat Verantwortung an engem handwierklechen, industriellen oder kommerzielle Betrib ustrieft.
Wéinst der Vilfalt vu den enseignéierte Fächer - Organisatioun & Gestioun vun Entreprisen, applizéiert Pädagogie, berufflech Theorie & Praxis -, vermëttelt de Brevet de maîtrise déi indispensabel Kenntnesser fir säin eegene Betrib opzebauen an ze féieren oder e Poste mat Verantwortung bei engem Employeur ze iwwerhuelen.