D'Portal fir liewenslaangt Léieren
LU
DE
EN
FR
PT
Dir sidd hei:Formations

Formatiounen am Zesummenhang mat der Acquisitioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit

De Certificat "Vivre ensemble" kréien a säin Niveau am Lëtzebuergeschen evaluéieren

Fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit duerch Naturalisatioun oder duerch Optioun ze kréien, mussen déi betraffe Persounen de Certificat "Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg" virleeën an de "Sproochentest Lëtzebuergesch" gepackt hunn.

Naturalisatioun oder Optioun: Bedéngungen

1. All groussjäreg Persoun, déi net Lëtzebuerger ass an d'Konditiounen, déi ënne genannt ginn, erfëllt, kann eng Demande fir d'Naturalisatioun maachen.

  • zënter mindestens 5 Joer legal zu Lëtzebuerg wunnen. Am leschte Joer virun der Naturalisatiounsdemande muss Lëtzebuerg ouni Ënnerbriechung de Wunnuert vum Demandeur gewiescht sinn.
  • Kenntnesser an der lëtzebuergescher Sprooch hunn, an dës duerch e Certificat noweisen, dee bestätegt, datt de Kandidat den Exame fir d'Evaluatioun vun der lëtzebuergescher Sprooch gepackt huet;
  • um Cours "Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg" deelgeholl hunn oder den Examen iwwer d'Matièren, déi an deem Cours enseignéiert ginn, gepackt hunn.

2. All Persoun, déi net Lëtzebuerger ass an d'Bedéngunge vum Gesetz vum 8. Mäerz 2017 erfëllt, kann d'Lëtzebuerger Nationalitéit duerch Optioun kréien.

  • An de Fäll, déi ënne presentéiert ginn, muss fir d'Acquisitioun duerch Optioun de Certificat "Vivre ensemble" virgeluecht ginn an et musse Kenntnesser an der lëtzebuergescher Sprooch nogewise ginn:
    - Elterendeel vun engem lëtzebuergesche Mannerjäregen;
    - Bestietnes mat engem Lëtzebuerger/enger Lëtzebuergerin;
    - Groussjäregen, deen d'Engagementer aus dem Opnam- an Integratiounsvertrag (Contrat d’accueil et d’intégration - CAI) erfëllt huet;
    - Groussjäregen, dee sech virum Alter vun 18 Joer zu Lëtzebuerg niddergelooss huet;
    - Groussjäregen, deen de Statut vun engem Apatride, engem Flüchtling oder de Statut, deen de subsidiäre Schutz vermëttelt, huet.

  • Bei Groussjäregen, déi zënter mindestens 20 Méint hire reegelméissegen Openthaltsuert zu Lëtzebuerg hunn, gëtt nëmmen eng Certificatioun vu 24 Stonne Lëtzebuergeschcours fir d'Optiounsprozedur gefrot.


D'Acquisitioun vun der lëtzebuergescher Nationalitéit ass ëmmer un d'Konditioun vun der Honorabilitéit gebonnen.

Méi Informatiounen

Certificat "Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg"

D'Gesetz vum 8. Mäerz 2017 iwwer d'Lëtzebuerger Nationalitéit gesäit vir, datt de Kandidat de Certificat "Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg" virleeë muss, deen attestéiert, datt de Kandidat entweder un deene 24 Stonne Cours deelgeholl huet oder en Exame gepackt huet.

D'Coursen an den Exame ginn iwwer folgend Matièren ofgehalen:

  1. Fundamental Rechter vun de Bierger (6 Stonnen);
  2. Staatlech a kommunal Institutiounen am Groussherzogtum Lëtzebuerg (12 Stonnen);
  3. D'Geschicht vum Groussherzogtum Lëtzebuerg an d'europäesch Integratioun (6 Stonnen).

De Service fir d'Erwuessenebildung vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ass fir d'Organisatioun vum Cours a vum Examen "Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg" zoustänneg. D'Aschreiwung an de Cours oder fir den Examen ass gratis.

Bei de Persounen, déi de Certificat "Vivre ensemble au Grand-Duché de Luxembourg" brauchen, ginn et verschidde Fäll:

  • Cours vu 24 St.
    Persounen, déi déi obligatoresch 24 Stonne Cours OUNI Exame maache wëllen

  • Cours vun 18 St.
    Persounen, déi de Certificat vun de Coursen an der Instruction civique am Kader vum Opnam- an Integratiounsvertrag (Contrat d'Accueil et d'Intégation - CAI) hunn

  • Examen
    Persounen, déi den Examen ofleeë wëllen, ouni um Cours deelzehuelen

  • Examen - Speziell Sessiounen
    Persounen, déi de Certificat vun de Coursen an der Instruction civique no deem ale Gesetz vum 23. Oktober 2008 hunn

Sech iwwer dat speziellt Portal aschreiwen 
Opgepasst, d'Aschreiwungsportal ass nëmme vu Lëtzebuerg aus zougänglech.

Déi weider Modalitéite fir d'Acquisitioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit sinn um Site vum Justizministère detailléiert.


Kenntnesser an der lëtzebuergescher Sprooch

Evaluatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch - "Sproochentest Lëtzebuergesch"

Den Exame fir d'Evaluatioun vu der geschwater lëtzebuergescher Sprooch gëtt vum Nationale Sproocheninstitut (Institut national des langues - INL) organiséiert. Den INL ass den nationale Certificatiounszentrum fir déi reglementéiert Diplomer a Certificaten an der Lëtzebuerger Sprooch.

Beim "Sproochentest Lëtzebuergesch" mussen 2 Epreuvë gepackt ginn:

  1. Mëndlech Epreuve / A2

    Den Niveau, dee gefrot gëtt, entsprécht dem Niveau A2 vum Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen (Cadre européen commun de référence pour les langues - CECRL) am mëndlechen Ausdrock an an der mëndlecher Interaktioun.
    "De Kandidat ka sech virstellen a mat einfache Wierder iwwert seng Famill, aner Leit, seng Liewensëmstänn, seng Ausbildung oder säi Beruff schwätzen. Hie kann och mat einfache sproochleche Mëttele Leit, Saachen an Aktivitéite beschreiwen a vergläichen."

  2. Epreuve vum Héierverstoen / B1

    Den Niveau, dee gefrot gëtt, entsprécht dem Niveau B1 vum Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen (Cadre européen commun de référence pour les langues - CECRL) am Héierverstoen.
    "De Kandidat kann d’Haaptpunkte verstoen, wann eng kloer Standardsprooch gebraucht gëtt a wann et ëm vertraut Theme vun der Aarbecht, der Schoul, der Fräizäit asw. geet. E kann aus ville Radios- oder Televisiounssendungen d’Haaptinformatioune verstoen, wann et ëm aktuell Evenementer an ëm Themen aus sengem Beruffs- oder Interessegebitt geet a wa se relativ lues an däitlech geschwat ginn.

D'Datumer an d'Plaze vum "Sproochentest Lëtzebuergesch" an d'Konditiounen an d'Umeldunge fir d'Evaluatiounsepreuvë fannt Dir um Site vum INL. De Kandidat gëtt spéitstens 15 Deeg virun der éischter Epreuve schrëftlech iwwer d'Datumer an d'Auerzäite vun der Sessioun informéiert.

Interesséiert Persoune kënne Lëtzebuergeschcoursë beim INL besichen oder an de Coursen, déi vun de Gemengen oder vu privaten Instituter a Schoulen organiséiert ginn, matmaachen. Leit, déi nach guer keng Kenntnesser vun der lëtzebuergescher Sprooch hunn, mussen am Duerchschnëtt 400 Stonne Cours arechnen, fir d'Niveauen, déi gefrot ginn, ze erreechen.

Kuckt Iech hei d'Lëtzebuergeschcoursen un, déi um Portal publizéiert sinn.

Op Demande, a wann e Beleger virweise kann, rembourséiert de Staat dem Kandidat ënnert de Konditiounen, déi an engem groussherzogleche Reglement festgeluecht sinn, a bis zu enger Héicht, déi am selwechte Reglement festgeluecht ass, d'Aschreiwungskäschte fir den Exame fir d'Evaluatioun vun der lëtzebuergescher Sprooch a fir d'Lëtzebuergeschcoursen.

Certificatioun fir 24 Stonne Cours

Wann eng groussjäreg Persoun, déi zënter mindestens 20 Joer legal zu Lëtzebuerg wunnt, d'Lëtzebuerger Nationalitéit duerch Optioun ufreet, gesäit d'Prozedur vir, datt dës Persoun un engem Lëtzebuergeschcours deelhuele muss.

Dëse Cours gëtt organiséiert vum Nationale Sproocheninstitut (Institut national des langues - INL) oder engem Prestataire, deem säi Programm vum Minister, dee fir d'Educatioun zoustänneg ass, agreéiert ass.

De Cours leeft iwwer 24 Stonnen a bitt eng Aféierung an d'Lëtzebuerger Sprooch am mëndlechen Ausdrock an am Héierverstoen. Den Organisateur certifiéiert d'Participatioun um Cours.

2 méiglech Fäll

  1. et huet een e Certificat iwwer d'Participatioun un engem Lëtzebuergeschcours, dee vum Service fir d'Erwuessenebildung ausgestallt gouf (Coursen an de Lycéeën oder Coursë mam Qualitéitslabel vum SFA vun den ASBL an de Gemengen) an dee mindestens 35 Stonne Lëtzebuergeschcours attestéiert (70 % Taux de présence → 35 Stonnen * 0.7 = 24.5 Stonnen)

    De Certificat gëtt zeréckgeschéckt mat engem Stempel, deen d'Deelhuelen un engem Lëtzebuergeschcours attestéiert, deen d'Konditioune vum Artikel 28 vum Gesetz vum 8. Mäerz 2017 iwwer d'Lëtzebuerger Nationalitéit erfëllt.

    D'Prozedur ass déiselwecht fir d'Titulairë vun engem Certificat vum INL, ausser datt d'Demande un den INL geschéckt muss ginn.

  2. e Lëtzebuergeschcours matmaachen

    Kuckt Iech hei déi aktuell Offer vun de Prestatairë vum Service fir d'Erwuessenebildung un: Lëtzebuergeschcoursen

Méi Informatiounen iwwer d'Prozedur.

 

Drécken Alles gesinn/verstoppen
Op Facebook deelen Op Twitter deelen Op LinkedIn deelen Un e Frënd schécken
All d'News gesinn
 
 
Jan Feb Mäe Abr
Mee Juni Jul Aug
Sep Okt Nov Dez
War dës Säit nëtzlech fir Iech? Är Meenung hëlleft eis, dëse Site ze verbesseren. Schéckt Är Commentairen un eise webmaster. Jo E bëssen Nee
lifelong-learning.lu benotzt Cookien

Wann Dir dëse Site consultéiert, akzeptéiert Dir den Asaz vu Cookien, déi fir d'Navigatioun a fir d'Erstelle vu Statistiken néideg sinn.

Dir kënnt d'Parametere vun de Cookien zu all Moment an Ärem Browser änneren.

OK Méi doriwwer