D'Portal fir liewenslaangt Léieren
LU
DE
EN
FR
PT
Dir sidd hei:Formations

Formatioun Diplom+

Eng nei Formatioun fir sech nom Lycée op d'Beruffsliewen oder Héichschoulstudie virzebereeden

Diplom+ ass eng flexibel, kuerz Formatioun fir Jonker mat engem Diplôme de fin d’études secondaires classiques oder générales, engem Diplôme de technicien oder equivalenten Diplom, déi sech nach net an en Héichschoulstudium ageschriwwen hunn an och keng Aarbechtsplaz hunn.

Jonk Diploméierter, déi den Enseignement secondaire oder hir Technikerausbildung ofgeschloss hunn, stinn dacks virun enger wichteger Entscheedung: Si mussen decidéieren, ob si op d'Uni goen oder hir éischt Aarbechtsplaz siche wëllen.

Mat der Formatioun Diplom+ kënne si sech zousätzlech Kompetenzen (an de Beräicher Informatik, Gestion de projets, Kommunikatiounstechniken, Zäitmanagement, Teamgeescht an Initiativ) uneegnen an esou hir Chancë verbesseren, eng Aarbechtsplaz ze fannen oder hiert Héichschoulstudium ze packen..

D'Formatioun leeft iwwer zwee Semester. Pro Woch si maximal 25 Stonnen, verdeelt op 5 Mol 5 Stonnen den Dag, virgesinn.

D'Formatioun gëtt normalerweis op Lëtzebuergesch an op Franséisch ofgehalen.

  • Dat éischt Semester ëmfaasst gemeinsam Modüllen an 2 bis 6 optional Modüllen:
Formatioun Diplom+















  • Am zweete Semester sollen d'Kompetenzen, déi de Kandidat sech ugëeegent huet, am Kader vun engem Innovatiounsprojet verdéift ginn: Hei geet et drëm, an der Ekipp e Produit oder e Service vun der Konzeptioun bis zu der Realisatioun ze entwéckelen. Dësen Innovatiounsprojet gëtt vu professionelle Mentoren encadréiert.

D'Formatioun ka jidderzäit ënnerbrach ginn, wann den Apprenant eng Aarbechtsplaz fonnt huet, en Héichschoulstudium ufänkt oder sech fir en anere Wee decidéiert.

All Modüll, deen de Kandidat virun der Ënnerbriechung gepackt huet, gëtt certifiéiert (Réussite-Certificat beim Deelhuelen u mindestens 80% vun der Dauer vum Modüll a Bestoe vun der mëndlecher oder schrëftlecher Evaluatioun) a kann deemno spéider valoriséiert ginn.

Lescht Aktualiséierung - 19.07.2021
Deelt dësen Inhalt

 

Drécken Alles gesinn/verstoppen Un e Frënd schécken
All d'News gesinn
 
 
Jan Feb Mäe Abr
Mee Juni Jul Aug
Sep Okt Nov Dez
War dës Säit nëtzlech fir Iech? Är Meenung hëlleft eis, dëse Site ze verbesseren. Schéckt Är Commentairen un eise webmaster. Jo E bëssen Nee
Asaz vu Cookien

lifelong-learning.lu setzt Cookien an, fir Iech eng héichwäerteg User-Experienz ze garantéieren, de Benotzertrafic ze moossen, d'Funktionalitéite vun de sozialen Netzwierker ze optiméieren an Iech personaliséiert Inhalter unzebidden.

Wann Dir op dësem Site weidersurft, erkläert Dir Iech mam Asaz vu Cookien ënnert de Konditiounen, déi an den entspriechender Richtlinne festgeluecht goufen, averstanen. Méi doriwwer.

Noutwenneg Cookien
Dës Cookien erlaben et, d'Haaptfunktionalitéite vun eisem Site ze benotzen (zum Beispill den Zougang zu Ärem perséinleche Beräich). Ouni dës Cookië kënnt Dir eise Site net normal benotzen.
Statistiken
Dës Cookien erlaben eis, Statistiken iwwer d'Frequentatioun vun eisem Site opzestellen. Wann Dir se desaktivéiert, verhënnert Dir, datt mir d'Qualitéit vun eise Servicer suivéieren a verbessere kënnen.
Geziilt Publicitéit
Dës Cookien erlaben et, Iech um Internet an an de sozialen Netzwierker Informatiounen a Formatiounsofferen unzeweisen, déi Äre Besoinen am beschten entspriechen.

Eis Richtlinne fir den Asaz vu Cookië consultéieren

Akzeptéieren D'Cookië parametréieren