Funktiounen als Sozial- a Familljenhëllef (aide socio-familiale)
D'Funktiounen als aide socio-familiale ëmfaasse Missioune wéi Begleedung, Encadrement, Berodung an Hëllef. Si schreiwe sech an den allgemenge Kader vun der Sozial- a Familljenaarbecht an a sollen zum physeschen, psycheschen a soziale Wuelbefanne vun deem, deen d'Leeschtung an Usproch hëlt, bäidroen.
Persounen, déi Funktiounen als aide socio-familiale ausserhalb vun hirem Stot oder dem Stot vun der noer Famill ausüben, ginn an Interventiounsequippen integréiert, an ënnerstinn do der Opsiicht vu Persoune mat enger berufflecher Ausbildung am Beräich vun der Medezin, de Gesondheetsberuffer, der Hauswirtschaft, den Humanwëssenschaften, der Erzéiung oder der Sozialaarbecht.
D'Formatioun gëtt duerch de Règlement grand-ducal vum 21. Mee 1999 definéiert, den eng Formatioun foir d'Funktioun als aide socio-famiilale aféiert.
D'Formatioun gëtt en cours d'emploi ofgehalen an adresséiert sech un Erwuessener, déi Funktiounen als aide socio-familiale bei Institutiounen a Servicer, déi Leeschtungen am Sozial- a Familljeberäich ubidden, ausüben.
Méi doriwwer