D'Aktivitéit vun Dageselteren
D'Aktivitéit vun Dageselteren, op Franséisch Assistance parentale, besteet doran, reegelméisseg a géint Bezuele Kanner am Alter vun 0 bis 12 Joer oder Kanner, déi d'Grondschoul oder d'Education différenciée nach net verlooss hunn, dagsiwwer oder nuets am Optrag vun der Persoun/de Persounen, déi d'Suergerecht fir d'Kand hunn, ze betreien.
Laut dem Gesetz vum 15. Dezember 2017 iwwer d'Reglementatioun vun der Aktivitéit vun Dageselteren däerf keen, weder haapt- nach nieweberufflech, d'Aktivitéit vun engem Assistant parental ausüben, ouni am Besëtz vun engem Agrement ze sinn.
En Agrement als Dageselteren gëtt nëmme Persounen accordéiert, déi déi néideg berufflech Qualifikatioun noweise kënnen. Persounen ouni Basisausbildung am sozio-educative Beräich oder am Gesondheets- a Fleegeberäich mussen, fir den Agrement ze kréien, d'Formatioun fir Dageseltere matmaachen.
Dageseltere ginn: Déi verschidden Etappen, fir den Agrement ze kréien.