D'Portal fir liewenslaangt Léieren
LU
DE
EN
FR
PT

Kanner a Jugendberäich - Demande fir d'Validatioun vu Weiderbildungsprogrammer

D'Validatioun vun der Weiderbildung ass eng wichteg Moossnam, fir d'Qualitéit am Beräich vun der net formeller Educatioun ze garantéieren.

Dem Artikel 36 vum Gesetz vum 24. Abrëll 2016 iwwer d'Jugend no muss Betreiungspersonal, dat Vollzäit an den Educatiouns- a Betreiungsservicer fir Kanner oder a Servicer fir Jugendlecher schafft, op d'mannst 32 Stonne Weiderbildung an engem Zäitraum vun 2 Joer absolvéieren.

D'Formatioun muss am Virfeld vun der Kommissioun fir Weiderbildung validéiert ginn, fir am Kader vun den obligatoresche Weiderbildungsstonne kënnen unerkannt ze ginn. D'administrativ Gestioun gëtt vum Validatiounsbüro iwwerholl, dee sech aus Membere vun der Kommissioun zesummesetzt. D'Validatioun bezitt sech och op d'Konformitéit mam nationale Referenzkader iwwer déi net formell Educatioun vu Kanner a Jugendlechen.

Validatiounsprozedur

Am Allgemenge reechen d'Formatiounsinstituter d'Demandë fir d'Validatioun vu Weiderbildungsprogrammer an der net formeller Educatioun an. Crèchen, Maison-relaisen oder Jugendhaiser mussen nëmmen am Fall vun interne Formatiounen oder fir d'Validatioun vu Formatiounen, déi vun auslännesche Formatiounsinstituter ugebuede ginn, d'Initiativ fir d'Demande ergräifen.

Méi Informatiounen a Formulairë fir erofzelueden

 

Drécken Alles gesinn/verstoppen
Op Facebook deelen Op Twitter deelen Op LinkedIn deelen Un e Frënd schécken
All d'News gesinn
 
 
Jan Feb Mäe Abr
Mee Juni Jul Aug
Sep Okt Nov Dez
War dës Säit nëtzlech fir Iech? Är Meenung hëlleft eis, dëse Site ze verbesseren. Schéckt Är Commentairen un eise webmaster. Jo E bëssen Nee
lifelong-learning.lu benotzt Cookien

Wann Dir dëse Site consultéiert, akzeptéiert Dir den Asaz vu Cookien, déi fir d'Navigatioun a fir d'Erstelle vu Statistiken néideg sinn.

Dir kënnt d'Parametere vun de Cookien zu all Moment an Ärem Browser änneren.

OK Méi doriwwer