D'Portal fir liewenslaangt Léieren
LU
DE
EN
FR
PT
Dir sidd hei:Iwwer > Europa a Formatioun > Europa 2020

Europa 2020

Eng Strategie fir en intelligenten, nohaltegen an inklusive Wuesstem

Am Mäerz 2010 huet d'Europäesch Kommissioun hir nei 10-Jores-Strategie virgestallt, mat där d'europäesch Wirtschaft relancéiert sollt ginn. Ënner dem Numm "Europa 2020" reforméiert a verlängert si hir Virgängerin, nämlech d'Strategie vu Lissabon, a viséiert eng besser Gouvernance innerhalb vun Europa.

Firwat eng Strategie Europa 2020?

Während d'Kris de wirtschaftlechen a soziale Fortschrëtt ëm Joren zeréckgehäit an d'strukturell Schwächte vun der europäescher Ekonomie opgedeckt huet, huet anerersäits d'Welt sech rasant weiderentwéckelt an déi laangfristeg Erausfuerderunge wéi Globaliséierung, Ressourcëknappheet an Iwweralterung ginn ëmmer méi staark.

Der Europäescher Kommissioun no kënnen dës Problemer iwwerwonne ginn, ënnert der Konditioun, datt Europa bereet ass fir eng Transformatioun, déi aus Europa e méi innovativen an ëmweltbewosste Marché mécht an de soziale Wuelstand fërdert.

D'Zil vun der Strategie Europa 2020 ass en "intelligenten, nohaltegen an inklusiven" Wuesstem duerch eng besser Koordinatioun vun der nationaler an der europäescher Politik, woubäi dräi grouss Prioritéite fir d'Stäerkung vun der europäescher Ekonomie festgeluecht ginn:

  • Opbau vun enger wëssens- an innovatiounsorientéierter Ekonomie,
  • Fërderung vun enger Ekonomie, déi d'Ressourcë méi efficace notzt, déi méi ëmweltbewosst a méi kompetitiv ass,
  • Ënnerstëtzung vun enger Ekonomie mat engem héijen Taux d'emploi, fir déi wirtschaftlech, sozial an territorial Kohäsioun ze fërderen.

Ziler vun der Strategie Europa 2020

Déi grouss Achse vun der Strategie sinn d'Fërderung vun CO2-aarmen Industrien, d'Investéieren an d'Entwécklung vun neie Produiten, d'Exploitatioun vun de Méiglechkeete vun der digitaler Ekonomie an d'Moderniséierung vun der Educatioun an der Formatioun.

D'Unioun huet 5 zesummenhängend Objektiver festgeluecht, fir d'Fortschrëtter ze guidéieren an ze orientéieren:

  • Emploi: eng Aarbechtsplaz fir 75% vun der Bevëlkerung tëschent 20 a 64 Joer, am Verglach zu den haitegen 69%;

  • Fuerschung, Entwécklung an Innovatioun: 3% vum Bruttoinlandsprodukt solle fir d'Fuerschung an d'Entwécklung agesat ginn, amplaz vum Taux vun 2% bis ewell, deen d'Unioun wäit hannert den USA a Japan zeréckléisst;

  • Klimawandel an Energie: Bekräftegung vun den Objektiver vun der Europäescher Unioun am Beräich vun der Bekämpfung vum Klimawandel (déi sougenannt "20/20/20"-Ziler), déi elo schonn zu deenen éiergäizegste weltwäit zielen:
    - Reduktioun vun den Treibhausgasemissiounen ëm 20% (souguer 30% wann d'Konditiounen et zouloossen) am Verglach zu 1990,
    - Erhéijung vum Undeel vun erneierbaren Energien ëm 20%,
    - Verbesserung vun der Energieeffizienz ëm 20%.

  • Educatioun: Verbesserung vum Bildungsniveau duerch d'Reduktioun vum Taux de décrochage scolaire op ënner 10% an d'Steigerung op 40% vum Undeel vun de Persounen tëschent 30 a 34 Joer, déi en Héichschouldiplom oder en equivalente schouleschen Niveau hunn;

  • Aarmut a sozial Ausgrenzung: Reduktioun vum Aarmutstaux ëm 25%, wat bedeite géif, dass 20 Millioune Leit aus der Aarmut erauskéimen.

Lëtzebuerg 2020

Lëtzebuerg 2020, den nationale Reformprogramm vum Groussherzogtum Lëtzebuerg am Kader vun der Strategie Europa 2020,, ass e strategesche Plang fir d'Kompetitivitéit vum Land ze verbesseren a verschidde Bremse fir de Wuesstem ze eliminéieren.

  • Déi digital Ekonomie,
  • d'Innovatioun an d'Produktivitéit,
  • eng efficace Notzung vun de Ressourcen, besonnesch duerch eng transversal an integrativ territorial Demarche,
  • d'administrativ Vereinfachung (Guichet unique asw.) an d'Fërderung vun der Entwécklung vun de PME,
  • d'Ausnotze vum komplette Potenzial vum Bannemaart,
  • d'sozial Kohäsioun an Inklusioun an
  • d'Gläichheet tëschent Männer a Fraen als transversaalt Zil ("gender mainstreaming")

sollen d'strukturell Piliere vum nationale Programm fir eng laangfristeg strukturell Reform sinn.

Dës Erausfuerderunge sinn enk matenee verflecht. D'digital Revolutioun ass am Gaang, d'gesellschaftlecht Liewen an all sengen Aspekter op d'Kopp ze geheien, dat gëllt besonnesch fir d'Manéier, wéi Wësse verbreet an opgeholl gëtt. Méi héich Bildungsniveaue verbesseren awer d'Employabilitéit an erméiglechen esou eng Steigerung vum Taux d'emploi an d'Reduktioun vun der Aarmut. Méi Capacitéiten am Beräich vu Fuerschung, Entwécklung an Innovatioun, zesumme mat enger besserer Effizienz vun de Ressourcen, verbesseren d'Kompetitivitéit a fërderen d'Schafe vun Aarbechtsplazen.

Déi grouss Beméiungen, déi am Kader vu Lëtzebuerg 2020 ënnerholl ginn, missten dem Land et erlaben, gestäerkt aus der Kris erauszekommen a seng Ekonomie op en intelligenten, nohaltegen an inklusive Wuesstem auszeriichten.

 

Drécken Alles gesinn/verstoppen
Op Facebook deelen Op Twitter deelen Op LinkedIn deelen Un e Frënd schécken
All d'News gesinn
 
 
Jan Feb Mäe Abr
Mee Juni Jul Aug
Sep Okt Nov Dez
War dës Säit nëtzlech fir Iech? Är Meenung hëlleft eis, dëse Site ze verbesseren. Schéckt Är Commentairen un eise webmaster. Jo E bëssen Nee
lifelong-learning.lu benotzt Cookien

Wann Dir dëse Site consultéiert, akzeptéiert Dir den Asaz vu Cookien, déi fir d'Navigatioun a fir d'Erstelle vu Statistiken néideg sinn.

Dir kënnt d'Parametere vun de Cookien zu all Moment an Ärem Browser änneren.

OK Méi doriwwer