Sech op lifelong-learning.lu umellen
De Portal lifelong-learning.lu bitt eng breet Gamm u gratis Servicer (iwwer eng Umeldung) a personaliséierte Servicer (iwwer en Abonnement), déi op Äre Benotzerprofil an Är perséinlech Interessien ofgestëmmt sinn.
Fir Zougang op dës Servicer ze kréien, braucht Dir nëmmen op de Link Umellen uewe riets op der Säit ze klicken an déi verschidden Etappen ze suivéieren.
Gratis Servicer
Zougang zu Informatiounen
Wann Dir Iech um Portal mam Profil "Privatpersoun" umellt, kënnt Dir vun enger Rei vu gratis Servicer profitéieren, déi den Zougang zu Informatiounen erliichteren.
- Formanews, de Newsletter iwwer d'Entwécklung vum Formatiounsmaart an d'News aus dem Formatiounsberäich, abonnéieren
- Formatiounen a Formatiounsinstituter, déi Dir consultéiert hutt, bei Är Favoritte setzen an esou beim nächste Besuch Zäit spueren
- Är Aschreiwungen a Formatiounen iwwer de Portal archivéieren, fir d'Entwécklung vun Äre Kompetenzen ze suivéieren
Dir wësst vun Evenementer wéi Foiren, Konferenzen, Colloquen oder Salonen am Beräich vun der Formatioun? Da schéckt eis déi Informatiounen iwwer Äre Kont op lifelong-learning.lu, fir datt se gratis op der Homepage an der Rubrik "News an Evenementer" publizéiert kënne ginn.
Gestioun vun de Gebidder, déi Iech interesséieren
Fëllt Äre Profil aus, fir Är gratis Servicer ze optiméieren an nei Méiglechkeeten ze kréien, d'Recherche op Är Besoinen ofzestëmmen.
- Personaliséiert Äert Formanews-Abonnement, andeem Dir déi Formatiounsdomainer auswielt, déi Iech interesséieren
- Bleift mat E-Mail-Alerten iwwer zukünfteg Formatiounen an den Domainer, déi Dir ausgewielt hutt, an iwwer déi nächst Sessioune vu Formatiounen, fir déi Dir Iech interesséiert, um Lafenden.
Wann Dir Iech mam Profil "Entreprise" um Portal umellt, stinn Iech nieft de Servicer, déi uewe beschriwwe goufen, och déi folgend Servicer zur Verfügung:
- Dir kënnt Är Appel d'offres fir Formatiounen, déi sur mesure bei Iech sollen ofgehale ginn bei de Formatiounsinstituter, déi Member um Portal sinn, verëffentlechen a vun hinne Léisunge fir passend Formatiounen ugebuede kréien
Dir kënnt Iech am Annuaire vun den Entreprisen, déi Formatiounen akafen, umellen, fir vu Formatiounsorganismen, déi Member um Portal sinn, am Hibléck op eng künfteg Zesummenaarbecht kontaktéiert ze ginn
CV als Formateur
Dir hutt Erfarung als Formateur a sidd zougelooss, fir am Beräich vun der Weiderbildung täteg ze sinn?
Wann Dir Iech mam Profil "Formateur" um Portal umellt, kënnt Dir gratis Ären CV als Formateur presentéiere, fir eventuell mat de Formatiounsinstituter, déi Member um Portal sinn, a Kontakt ze trieden.
- Verëffentlechung vun Ärem Formateurs-CV (Coordonnéeën, Kompetenzen, Diplomer, Referenzen, Autorisatioun als Formateur, Interventiounsberäich, Foto...) an der Sichmaschinn
- Nëmme Formatiounsinstituter, déi Member um Portal sinn, kënnen Äre Formateurs-CV consultéieren
Servicer fir Formatiounsorganismen
Fir Är Visibilitéit ze erhéijen an Zougrëff op d'Demande am Beräich vun der Formatioun ze kréien, referenzéiert Dir Är Formatiounsaktivitéiten um Portal lifelong-learning.lu, de Referenzsite am Beräich vum liewenslaange Léieren.
Dir braucht Iech nëmme mam Profil "Formatiounsorganismus" unzemellen an déi verschidden Etappen ze suivéieren.
Dräi Service-Packagen zur Auswiel
Jee nodeem, wéi vill Formatiounen Dir den Internetbenotzer presentéiere wëllt, kënnt Dir dee Package auswielen, deen am beschte bei Är Offer passt.
Packagë fir Formatiounsorganismen |
Jorestarif Package €/HTVA |
Package "Ten"- Kreatioun vu maximal 10 Formatiounen
- Kontakthierstellung mat de Clienten
- Visibilitéit vun Ärem Organismus
Méi Detailer (nëmmen op Franséisch) | 275 € |
Package "Fifty"- Kreatioun vu maximal 50 Formatiounen
- Kontakthierstellung mat de Clienten
- Visibilitéit vun Ärem Organismus
Méi Detailer (nëmmen op Franséisch) | 550 € |
Package "Fifty+" - Kreatioun vun enger onbegrenzter Zuel vu Formatiounen
- Kontakthierstellung mat de Clienten
- Visibilitéit vun Ärem Organismus
- Presentatioun vun Äre Formatiounssäll
Méi Detailer (nëmmen op Franséisch) | 825 € |
Optioun Formatiounssäll * | Jorestarif €/HTVA |
---|
- Presentatioun vum Vermieter vun de Formatiounssäll (+Fotoen a Logo)
- Presentatioun vun de Formatiounssäll
Méi Detailer (nëmmen op Franséisch) | 300€
|
* Optioun am Package "Fifty+" abegraff. Wann Dir Iech fir de Package "Fifty" an d'Optioun "Säll" entscheet hutt, ass et méi avantagéis, de Package "Fifty+" auszewielen.
Fir um Portal referenzéiert ze ginn, muss e Formatiounsinstitut en Agrement als Gestionnaire vun engem Organismus fir berufflech Weiderbildung hunn. Agreéierte Formatiounsorganismus ginn - Praktesch Modalitéiten
Servicer fir Vermieter vu Formatiounssäll
Dir sidd eng Entreprise a verfüügt iwwer Formatiounssäll, déi verlount kënne ginn? Dann drot Iech um Portal an a mellt Iech mam Profil "Vermieter vu Formatiounssäll" un.
Package Vermieter vu Formatiounssäll |
Jorestarif Package €/HTVA |
- Presentatioun vum Vermieter vun de Formatiounssäll (+Fotoen a Logo)
- Presentatioun vun de Formatiounssäll (+Fotoen)
Méi Detailer (nëmmen op Franséisch) | 300€ |