D'Portal fir liewenslaangt Léieren
LU
DE
EN
FR
PT
Dir sidd hei:Accueil

Richtlinne fir den Asaz vu Cookien

Am Aklang mat senger Dateschutzpolitik erhieft, versuergt a benotzt den nationalen Institut fir d'Fërderung vun der berufflecher Weiderbildung (den "INFPC") verschidde perséinlech Donnéeën, fir Servicer fir seng Benotzer ze erbréngen. Den INFPC handelt dobäi als Verantwortleche fir den Traitement vun den Donnéeën.

An dësem Kontext an am Aklang mam Gesetz vum 1. August 2018 iwwer d'Organisatioun vun der Nationaler Dateschutzkommissioun an dem allgemengen Dateschutzsystem a mam Reglement (EU) 2016/679 vum Europäesche Parlament a vum Rot vum 27. Abrëll 2016 iwwer de Schutz vun natierleche Persoune beim Traitement vu perséinlechen Donnéeën an iwwer de fräie Verkéier vun deenen Donnéeën (den "RGPD"), (déi am Folgenden zesummen "Dateschutzgesetzer" genannt ginn), setzt den INFPC op sengem Internetsite lifelong-learning.lu Cookien an.

D'Cookien, déi vum INFPC benotzt ginn, ginn op Ärem Computer, Tablet, Smartphone oder all anerem Apparat, mat deem een am Internet surfe kann (den "Terminal"), installéiert a respektéieren d'Choixen, déi Dir a Punkto Cookië festgeluecht hutt an déi Dir zu all Moment iwwer d'Astellunge vun Ärem Browser ännere kënnt.

Wat versteet een ënnert engem Cookie?

Cookië si kleng Textfichieren, déi verschidden Informatiounen iwwer Är Navigatioun späichere kënnen. Si ginn um Harddisk vun Ärem Terminal enregistréiert, wann Dir en Internetsite besicht.

D'Cookië gi vum Serveur vun engem Internetsite un Äre Browser geschéckt. 

E Cookie kann agesat ginn, fir e Benotzer ze authentifizéieren oder eng speziell Informatioun iwwer de Benotzer ze späicheren, zum Beispill d'Preferenze vun engem Internetsite oder den Inhalt vun engem elektroneschen Afafsweenchen, an dat wärend der Gültegkeetsdauer vun deem jeeweilege Cookie, deem säin Inhalt nëmme vum INFPC geännert ka ginn. Mat de Cookië kënne verschidden Donnéeën erhuewe ginn, déi eis erlaben, Iech personaliséiert an op Är Besoinen zougeschnidden Déngschter unzebidden.

Wann Dir d'Navigatioun op eisem Internetsite fortsetzt, akzeptéiert Dir domat, wéi am Informatiounsbanner vum Internetsite lifelong-learning.lu beschriwwen, datt verschidde Kategorie vu Cookien op Ärem Terminal hannerluecht ginn. Dir kënnt dës Decisioun zu all Moment réckgängeg maachen, andeem Dir d'Hannerleeë vu Cookien an Äre Browser-Astellunge refuséiert.

Firwat benotzt den INFPC Cookien?

Den INFPC benotzt op lifelong-learning.lu véier Zorte vu Cookien, (i) d'Navigatiouns-Cookien (noutwenneg), (ii) d'Sessiouns-Cookien (noutwenneg), (iii) d'Statistik-Cookien (fakultativ) an (iv) d'Cookië fir geziilt Publicitéit (fakultativ).

Cookië ginn als "noutwenneg" bezeechent, wa se obligatoresch sinn, fir d'Basisfunktioune vum Site, wéi z. B. de gesécherten Zougang zu Ärem User-Beräich, ze aktivéieren. Si ginn automatesch aktivéiert, wann Dir de Site besicht an Iech aloggt.

Cookië si fakultativ, wa mat hinnen Informatioune gesammelt ginn, déi Opschloss doriwwer ginn, wéi Dir den Internetsite benotzt, déi awer net indispensabel sinn.

Onofhängeg dovun, op Cookien noutwenneg oder fakultativ sinn, kënne si och fonctionnel sinn. Dat gëllt z. B. fir Fichieren, déi aner Funktioune wéi d'Späichere vun de Preferenzen, d'sozial Interaktiounen, d'Méiglechkeet, Commentairen op eisem Site ze posten, an d'Analys vun der Benotzung vum Site am Hibléck op Verbesserungen erméiglechen.

D'Navigatiouns-Cookien (noutwenneg)

Dës Zort vu Cookië gëtt benotzt, fir de Confort vum Benotzer ze verbesseren, wann hien den Internetsite vum INFPC déi nächste Kéier besicht.Si erlaben et, d'Sprooch, déi Dir am léifste benotzt, Är Akzeptatioun vun de Cookien an Är Participatioun bei eventuellen Ëmfroen, déi den INFPC op sengem Internetsite duerchféiert, fir d'Zefriddenheet vun de Benotzer ze ermëttelen, ze späicheren.

D'Sessiouns-Cookien (noutwenneg)

Dës Zort vu Cookië gëtt am perséinleche Beräich vum User benotzt, fir festzestellen, ob hien authentifizéiert gouf oder net.

D'Statistik-Cookien (fakultativ)

Dës Zort vu Cookië gëtt vu Google Analytics generéiert, fir déi successiv Sessioune vun deem selwechte Benotzer ze ënnerscheeden, a vun Hojar, fir d'Besoine vun eise Benotzer besser ze verstoen an d'User-Erfarung op eisem Site ze optiméieren. Dës Cookien hëllefen eis zum Beispill ze verstoen, wéi vill Zäit op enger Säit verbruecht gëtt, wéi eng Linken ugeklickt ginn, an och déi allgemeng d'Surfgewunnechten asw. ze gesinn, fir datt mir eise Service weider verbessere kënnen.

D'Cookië fir geziilte Publicitéit (fakultativ)

Dës Zort vu Cookië gëtt vu Facebook Pixel generéiert, fir Är Visitt an d'Informatiounen iwwer Är Benotzung vum Site lifelong-learning ze späicheren, fir datt mir Iech geziilte Publicitéit ubidde kënnen, déi Iech op lifelong-learning.lu féiert, wann Dir Iech op Facebook aloggt.

Dës verschidden Zorte vu Cookien erlaben eis et deemno, Iech Inhalter ze proposéieren, déi op Är Besoinen zougeschnidde sinn an Är Navigatioun op eisem Internetsite ze verbesseren.

Wéi kann een d'Cookië geréieren?

Astellunge vun Ärem Browser

Dir kënnt Är Navigatiouns-Software esou astellen, datt Cookien op Ärem Terminal gespäichert ginn, oder datt si systematesch refuséiert ginn, sief et fir all Sitten, sief et fir verschidden Emetteuren (Sitten).

Dir hutt och d'Méiglechkeet, Är Navigatiouns-Software esou ze konfiguréieren, datt Dir all Kéier gefrot gitt, ob Dir e Cookie akzeptéiert oder refuséiert, éier en op Ärem Terminal gespäichert ka ginn.  

D'Konfiguratioun ass ënnerschiddlech, jee nodeem, wéi e Browser Dir benotzt.

Fir Chrome ™
https://support.google.com/chrome/answer/95647?hl=fr&hlrm=en

Fir Internet Explorer ™
https://support.microsoft.com/fr-fr/help/17442/windows-internet-explorer-delete-manage-cookies

Fir Firefox ™
http://support.mozilla.org/fr/kb/cookies-informations-sites-enregistrent?redirectlocale=fr&redirectslug=Gérer+les+cookies

Fir Opera ™
https://blogs.opera.com/news/2015/08/how-to-manage-cookies-in-opera/

Fir Safari ™
https://www.apple.com/legal/privacy/fr-ww/cookies/

 

Drécken Alles gesinn/verstoppen
Op Facebook deelen Op Twitter deelen Op LinkedIn deelen Un e Frënd schécken
All d'News gesinn
 
 
Jan Feb Mäe Abr
Mee Juni Jul Aug
Sep Okt Nov Dez
War dës Säit nëtzlech fir Iech? Är Meenung hëlleft eis, dëse Site ze verbesseren. Schéckt Är Commentairen un eise webmaster. Jo E bëssen Nee
lifelong-learning.lu benotzt Cookien

Wann Dir dëse Site consultéiert, akzeptéiert Dir den Asaz vu Cookien, déi fir d'Navigatioun a fir d'Erstelle vu Statistiken néideg sinn.

Dir kënnt d'Parametere vun de Cookien zu all Moment an Ärem Browser änneren.

OK Méi doriwwer