D'Portal fir liewenslaangt Léieren
LU
DE
EN
FR
PT
Dir sidd hei:Accueil

Rechtlech Hiweiser

Engagement vum INFPC

Den INFPC, Gestionnaire vum Portal lifelong-learning.lu, engagéiert sech, sech am Kader vu senge Méiglechkeeten dorëms ze beméien:

  • den Zougang zu alle Servicer, déi um Site ugebuede ginn, sécherzestellen,
  • zouverlässeg a pertinent Informatiounen ze verbreeden, 
  • déi perséinlech Donnéeën, déi a sengem Besëtz sinn, ze schütze fir ze verhënneren, datt si verluer, gefälscht oder un net autoriséiert Drëttpersounen iwwermëttelt ginn.

Beschränkung vun der Responsabilitéit

Den INFPC declinéiert all Responsabilitéit am Zesummenhang mat:

  • dem Benotze vun den Informatiounen op Säiten, déi op dësem Site verëffentlecht ginn. Den Inhalt gëtt ausschliisslech zu Informatiounszwecker publizéiert. Bei Ënnerscheeder tëschent den Texter, déi op dësem Site verëffentlecht ginn, an den Originaldokumenter gëllen nëmmen déi Dokumenter, déi am Mémorial oder enger anerer offizieller Publikatioun verëffentlecht sinn.
  • dem illegale Charakter vun Inhalter vum Portal, einschliisslech de Fotoen a Videoen, déi do verëffentlecht sinn, par rapport zu der geltender Gesetzgebung. Den INFPC üübt keng vollstänneg Kontroll iwwer d'Inhalter einschliisslech de Fotoen a Videoen, déi verëffentlecht sinn, aus a garantéiert deemno net d'Zweckméissegkeet, d'Zoulässegkeet, d'Gëltegkeet, d'Éierlechkeet oder d'Qualitéit vun dësen Inhalter. 
  • den Inhalter, einschliisslech de Fotoen, Videoen, Publicitéiten, Produkter, Servicer oder all anerem Material, dat op oder iwwer extern Sitten oder Quellen duerch e Link um Portal verfügbar ass. 
  • Schied, egal vu wéi enger Zort, déi wéinst der net méiglecher Benotzung oder Zougänglechkeet oder wéinst engem Verloscht opgrond vun den Informatiounen op dësem Site entstinn, an dat onofhängeg vun der Ursaach vum Schued.  
  • Schied, egal vu wéi enger Zort, déi opgrond vun der Interpretatioun an/oder der Benotzung vun den Informatiounen, déi um Site verfügbar sinn, entstane sinn.
    der Ännerung, Suspensioun oder Ënnerbriechung, sief et och nëmmen temporaire, vun de Servicer vun dësem Site.

Dës Klauselen iwwer den Ausschloss vun der Responsabilitéit sinn net drop ausgeriicht, d'Bestëmmunge vun de gëltege Rechtsvirschrëften ze ëmgoen oder d'Responsabilitéit an deene Fäll auszeschléissen, wou si opgrond vun de genannte Rechtsvirschrëften net ausgeschloss ka ginn.

Propriété intellectuelle

D'Presentatioun an d'Inhalter vum Portal (Texter, grafesch Elementer, Biller, Fotoen, Video- an Toundokumenter...) bilden zesummen e Wierk, dat duerch déi geltend Gesetzer iwwer d'Propriété intellectuelle geschützt ass. De Logo vum Portal ass eng Marque déposée an Eegentum vum INFPC.

D'Reproduktioun, d'Benotzung, d'Exploitatioun vun de Fotoen, Biller, Texter, Videoen, Extraiten aus der Base de données, Elementer vun der grafescher Konzeptioun an, am Allgemengen, all Publikatiounsbestanddeeler um Portal, sinn ouni d'Autorisatioun vum Auteur am Virfeld verbueden. De Verstouss géint dëst Verbuet gëllt als eng Contrefaçon, déi zivil- a strofrechtlech Konsequenze fir de Contrefacteur kréie kann.

Traitement vu perséinlechen Donnéeën

Den INFPC, den nationalen Institut fir d'Fërderung vun der berufflecher Weiderbildung, erhieft a benotzt Är perséinlech Donnéeën am Kader vu senge Missiounen.

D'Donnéeë ginn am Aklang mam Reglement (EU) 2016/679 vum Europäesche Parlament a vum Rot vum 27. Abrëll 2016 iwwer de Schutz vun natierleche Persoune beim Traitement vu perséinlechen Donnéeën an iwwer de fräie Verkéier vun deenen Donnéeën (RGPD) veraarbecht.

Méi iwwer d'Dateschutzpolitik vum INFPC gewuer ginn

Virbehale Rechter

Den INFPC behält sech d'Recht vir:

  • d'Inhalter vum Portal zu all Moment an ouni Ukënnegung ze änneren oder ze verbesseren,
  • de Kont vun engem Benotzer oder Abonnent ze spären oder ze läschen, wa seng Benotzung vum Internet géint e Gesetz, e Reglement oder géint d'ëffentlech Uerdnung verstéisst.

Benotzungsrechter vun de Biller

D'Biller, déi op dësem Site benotzt ginn, sinn d'Proprietéit vum INFPC oder vun de respektiven Auteuren. Dës Biller kënnen net ouni Erlaabnes op engem aneren Internetsite oder Medium benotzt ginn.

Credits vun de Fotografen an Illustrateuren

En savoir plus

Lescht Aktualiséierung - 12.11.2018

 

Drécken Alles gesinn/verstoppen
Op Facebook deelen Op Twitter deelen Op LinkedIn deelen Un e Frënd schécken
All d'News gesinn
 
 
Jan Feb Mäe Abr
Mee Juni Jul Aug
Sep Okt Nov Dez
War dës Säit nëtzlech fir Iech? Är Meenung hëlleft eis, dëse Site ze verbesseren. Schéckt Är Commentairen un eise webmaster. Jo E bëssen Nee
Asaz vu Cookien

lifelong-learning.lu setzt Cookien an, fir Iech eng héichwäerteg User-Experienz ze garantéieren, de Benotzertrafic ze moossen, d'Funktionalitéite vun de sozialen Netzwierker ze optiméieren an Iech personaliséiert Inhalter unzebidden.

Wann Dir op dësem Site weidersurft, erkläert Dir Iech mam Asaz vu Cookien ënnert de Konditiounen, déi an den entspriechender Richtlinne festgeluecht goufen, averstanen. Méi doriwwer.

Noutwenneg Cookien
Dës Cookien erlaben et, d'Haaptfunktionalitéite vun eisem Site ze benotzen (zum Beispill den Zougang zu Ärem perséinleche Beräich). Ouni dës Cookië kënnt Dir eise Site net normal benotzen.
Statistiken
Dës Cookien erlaben eis, Statistiken iwwer d'Frequentatioun vun eisem Site opzestellen. Wann Dir se desaktivéiert, verhënnert Dir, datt mir d'Qualitéit vun eise Servicer suivéieren a verbessere kënnen.
Geziilt Publicitéit
Dës Cookien erlaben et, Iech um Internet an an de sozialen Netzwierker Informatiounen a Formatiounsofferen unzeweisen, déi Äre Besoinen am beschten entspriechen.

Eis Richtlinne fir den Asaz vu Cookië consultéieren

Akzeptéieren D'Cookië parametréieren