De lëtzebuergesche Schoulsystem
Zu Lëtzebuerg besteet fir Kanner am Alter vu 4 bis 16 Joer Schoulflicht. Si ëmfaasst mindestens 12 Joer, déi op d'Grondschoul an de postprimären Unterrecht opgedeelt sinn.
D'Grondschoul besteet aus véier Zyklen, opgedeelt op d'Spillschoul an d'Primärschoul fir d'Kanner vu 4 bis 11 Joer.
De postprimären Unterrecht huet zwee Unterrechtssystemer:
D'Héichschoulstudie regruppéieren den Zougang zu der Meeschterkaart (Brevet de maîtrise), zum Brevet de technicien supérieur - BTS oder zu engem Universitéitsdiplom (Bachelor, Master, PH.D.).
D'Beruffsausbildung an d'Erwuessenebildung gehéieren alle béid zum Konzept vum
liewenslaange Léieren.
- D'Zil vun der Beruffsausbildung ass et, de Schüler entweder eng berufflech Qualifikatioun am Lycée technique ze vermëttelen oder de Persounen, déi schonn Titulaire vun enger berufflecher Qualifikatioun sinn, derbäi ze hëllefen, dës unzepassen oder se en fonction vun der Entwécklung vum Fortschrëtt an der Wirtschaft ze erweideren.
- D'Erwuessenebildung bitt en Unterrecht, deen un erwuessen Apprenanten ugepasst ass, sief et am Kader vun enger berufflecher Weiderbildung, vun allgemenge Coursen oder vu Virbereedungscoursen op national Certificaten an Diplomer.
De lëtzebuergesche Bildungssystem zeechent sech fundamental duerch seng traditionell Méisproochegkeet aus. De Sproochenunterrecht huet an deem Kontext eng zentral Bedeitung.