Universitéitsdiplom
Erwuessener, déi Héichschoulstudie fortsetzen oder ufänke wëllen, an dobäi an der Reegel parallel beruffstäteg sinn, kënnen iwwer de Wee vun der Weiderbildung e Master- (bac +5), e Bachelor- (bac +3) oder en Universitéitsdiplom kréien: decaléiert Horairen, Owescoursen, Coursen iwwer de Weekend, Fernunterrecht oder Blended learning.
An dat éischt Joer Universitéit opgeholl ginn d'Titulairë vun engem Diplôme de fin d’études secondaires classiques oder générales oder vun engem Diplôme de technicien an därselwechter Fachrichtung wéi de viséierte Studiegang oder d'Titulairë vun auslänneschen Diplomer oder Certificaten, déi vum Educatiounsminister als equivalent ugesi ginn.
An den zweeten Zyklus (Master) oder drëtten Zyklus (Doktorat) opgeholl ginn d'Titulairë vun engem Titel oder Diplom, mat deem de viregten Niveau ofgeschloss gëtt, an deen am Titelregëster vum Ministère fir Héichschoul a Fuerschung agedroen ass.
Den Dispositif vun der Validation des acquis de l'expérience (VAE) erlaabt et och, seng Erfarung valoriséieren ze loossen, fir iwwer dee Wee Zougang zum Bachelor- a Master-Niveau ze kréien.
Lëscht vun den Diplomer an Owes- oder Weekendcoursen
Déi meescht Coursen - Master, Bachelor, Universitéitsdiplom - fannen owes an/oder de Weekend statt.
Si gi vun de folgenden Instituter an Zesummenaarbecht mat auslänneschen Universitéiten ugebueden.
Lëscht vun den Universitéitsdiplomer an Owes- oder Weekendcoursen (decaléiert Horairen).
Beispill
De Luc ass Systemsadministrateur a wëll sech perfektionéieren, fir e Poste mat Verantwortung iwwerhuelen ze kënnen.
De Luc ass 41 Joer al an huet en Diplom an der Informatik. Hie schafft zanter 12 Joer als Systemsadministrateur an enger Lëtzebuerger Administratioun. De Jean-Luc wéilt seng Kompetenzen erweideren, fir e strategesche Posten am Departement IT-Sécherheet vun enger grousser Bank oder enger multinationaler Gesellschaft ze iwwerhuelen.
Hien entdeckt um Site vun der Universitéit Lëtzebuerg, datt am Kader vun der Weiderbildung en Diplom vum Niveau Bac+5 „Master en management de la sécurité des systèmes d’information“ ugebuede gëtt, deen iwwer 4 Semester leeft. Well de Luc bei dëser Formatioun weider beruffstäteg bleiwe kann, bis e säin Diplom kritt, decidéiert hien, sech fir déi nächst Rentrée anzeschreiwen.