Diplôme de technicien - DT
Erwuessener, déi eng éischte Kéier oder op en Neits de Wonsch verspieren, en Handwierk oder e Beruff ze léieren oder hir berufflech Karriär ëmzeorientéieren, kënnen am Kader vun engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener en DT am duale System kréien, wann d'Zougangsviraussetzungen erfëllt sinn.
Den DT ass eng ganz pousséiert Beruffsausbildung, déi dem Apprenant den direkten Zougang zum Beruffsliewen erméiglecht.
|
Diplôme de technicien - DT |
|
|
|
Éischtausbildung |
2. Bildungswee |
1re - 4e |
- Administration et commerce Spezialisatiounen (2T an 1T ) - Commerce-électronique - Agriculture - Artistique, section design 3D - Artistique, section graphisme - Artistique, section image - Électrotechnique, section communication - Électrotechnique, section énergie - Entrepreneur maraîcher - Environnement naturel - Génie civil - Hôtellerie, section hôtellerie - Hôtellerie, section tourisme et communication - Informatique - Logistique - Mécanicien d'avions - cat B - Mécanique générale - Mécatronique - Mécatronique d'automobiles - Mécatronique Agri-Génie Civil - Smart Buildings & Energies - Smart Technologies (4T an 3T) Spécialisatiounen (2T an 1T ) - Électro-Technologies - Énergie et environnement - Robotique et automatisation - Smart energy - E-controls - Vente et gestion (nëmmen zougänglech fir d'Titulairë vun engem DAP Conseiller en vente oder engem vergläichbaren Diplom) - Horticole en paysagisme (accès réservé aux détenteurs d’un DAP de pépiniériste-paysagiste ou un autre DAP, de préférence du secteur vert |
Verwaltung an Handel
- 1re an der Entreprise an am Lycée, deen d'Formatioun ubitt
Méiglechkeet, d'Formatioun a Fom vu Blended Learning ze suivéieren - 4e - 2e an Owescoursen an/oder am franséischsproochege Regime
Entrepreneur maraîcher (nëmmen zougänglech fir d'Titulairë vun engem DAP) - 3e - 1re an der Entreprise an am Lycée, deen d'Formatioun ubitt
Logistique - 3e - 1re an der Entreprise an am Lycée, deen d'Formatioun ubitt
Mécanicien d'avions - cat B - 2e - 1re an der Entreprise an am Lycée, deen d'Formatioun ubitt
Mécatronique - 2e - 1re an der Entreprise an am Lycée, deen d'Formatioun ubitt
Mécatronique Agri-Génie Civil
- 2e - 1re an der Entreprise an am Lycée, deen d'Formatioun ubitt
Smart Technologies - Robotique et automatisation
- 2e - 1re an der Entreprise an am Lycée, deen d'Formatioun ubitt
Smart Technologies - Smart energy - 2e - 1re an der Entreprise an am Lycée, deen d'Formatioun ubitt
Vente et gestion (nëmmen zougänglech fir d'Titulairë vun engem DAP Conseiller en vente oder engem vergläichbaren Diplom) - 2e - 1re an der Entreprise an am Lycée, deen d'Formatioun ubitt
|
Kuckt Iech d'Kaart mat der schoulescher Offer op mengschoul.lu un, fir erauszefannen, wéi ee Lycée d'Formatioun, déi Iech interesséiert, ubitt.
Erwuessener, déi hir Studien am Enseignement secondaire général ofschléisse wëllen, kënnen och iwwer de Wee vun der Validation des acquis de l'expérience (VAE) en Diplôme de technicien kréien.
Erwuessenebildung
Bei der Erwuessenebildung mussen d'Kandidaten:
- op d'mannst 18 Joer al sinn,
- den initiale Schoulsystem (oder den initialen Ausbildungsvertrag) zanter mindestens engem Joer verlooss hunn,
- zanter mindestens 12 Méint a fir op d'mannst 16 Stonnen d'Woch beim CCSS (Centre Commun de la Sécurité Sociale) affiliéiert sinn.
Bei engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener gëtt d'Formatioun am duale System ugebueden:
- Schoulesch Ausbildung an engem Lycée, deen den DT ubitt
- Modullen am Formatiounsbetrib, déi de Kandidat duerch seng Beschäftegung an der Entreprise, mat där de Kandidat en Ausbildungsvertrag ofgeschloss huet, absolvéiert. D'Entreprise muss autoriséiert si fir Apprentien auszebilden.
Erwuessener, déi eng Ausbildung maache wëllen, mussen hiren Dossier perséinlech beim Beruffsberodungsservice vun der ADEM ofginn. Den Dossier gëtt der Commission consultative virgeluecht, déi dem Kandidat hir Entscheedung schrëftlech matdeelt. Am Fall vun enger positiver Entscheedung kontaktéiert den erwuessenen Apprenti, deen eng Entreprise fir seng Ausbildung fonnt huet, de Beruffsberodungsservice vun der ADEM, fir d'Dokumenter, déi fir den Ofschloss vum Ausbildungsvertrag néideg sinn, ofzehuelen.
Ausbildungsverträg fir Erwuessener kënnen nëmmen tëschent dem 16. Juli an dem 1. November vum Ausbildungsjoer ofgeschloss ginn.
D'Participatioun un de Coursen hänkt vun de Sproochekenntnesser of, déi fir d'Formatioun néideg sinn.