Diplôme d'aptitude professionnelle - DAP
Erwuessener, déi eng éischte Kéier oder op en Neits de Wonsch verspieren, en Handwierk oder e Beruff ze léieren oder hir berufflech Carrière ëmzeorientéieren, kënnen am Kader vun engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener en DAP am duale System kréien. Et gëtt drop higewisen, dass am Secteur vun de Gesondheets- a Sozialberuffer den DAP Aide-soignant och parallel zu der normaler Beruffstätegkeet zougänglech ass.
Beruffstäteg Erwuessener, déi den DAP Agent administratif et commercial kréie wëllen, kënnen dat éischt DAP-Joer an Owescoursë maachen.
Den DAP vermëttelt Zougang zum Aarbechtsmaart als qualifizéierte Salarié.
All Persoun, déi am Berufssliewe steet, kann och en DAP iwwer de Wee vun der Validation des acquis de l'expérience (VAE) kréien.
Erwuessenebildung - Lëscht vun de DAPen
All berufflech Ausbildungen, déi am Kader vun engem Ausbildungsvertrag ugebuede ginn, si fir Erwuessener zougänglech. D'Kandidate kënne sech beim Beruffsinformatiouns-Zentrum vun der Aarbechtsagence (Agence pour le développement de l’emploi - ADEM) informéieren.
D'Lëscht vun den DAPen am Kader vun engem Ausbildungsvertrag uweisen.
Bei der Erwuessenebildung mussen d'Kandidaten:
- op d'mannst 18 Joer al sinn,
- den initiale Schoulsystem (oder den initialen Ausbildungsvertrag) zanter mindestens engem Joer verlooss hunn,
- zanter mindestens 12 Méint a fir op d'mannst 16 Stonnen d'Woch beim CCSS (Centre Commun de la Sécurité Sociale) affiliéiert sinn.
Organisatioun | Kontakt |
Am Kader vun engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener gëtt d'Formatioun am duale System ugebueden:
Erwuessener, déi eng Ausbildung maache wëllen, mussen hiren Dossier perséinlech beim Beruffsberodungsservice vun der ADEM ofginn. Den Dossier gëtt der Commission consultative virgeluecht, déi dem Kandidat hir Entscheedung schrëftlech matdeelt. Am Fall vun enger positiver Entscheedung kontaktéiert den erwuessenen Apprenti, deen eng Entreprise fir seng Ausbildung fonnt huet, de Beruffsberodungsservice vun der ADEM, fir d'Dokumenter, déi fir den Ofschloss vum Ausbildungsvertrag néideg sinn, ofzehuelen.
Ausbildungsverträg fir Erwuessener kënnen nëmmen tëschent dem 16. Juli an dem 1. November vum Ausbildungsjoer ofgeschloss ginn. | ADEM – Agence pour le développement de l'emploi Service d’orientation professionnelle
|
D'Participatioun un de Coursen hänkt vun de Sproochekenntnesser of, déi fir d'Formatioun néideg sinn.
Owescoursen - 1. Joer DAP - Agent administratif et commercial
D'Owescoursë wende sech u beruffstäteg Erwuessener, déi den DAP Agent administratif et commercial kréie wëllen.
Fir d'Owescoursë mussen d'Kandidaten op d'mannst 18 Joer al sinn. Si kënne sech beim Lycée technique du centre (LTC) oder beim Lycée Technique Mathias Adam (LTMA) iwwer d'Aschreiwungsbedéngungen informéieren.
Organisatioun
| Kontakt |
---|
1. Joer DAP an 1. Joer DAP an der franséischsproocheger Filière Erwuessener, déi dat 1. Joer DAP gepackt hunn, kënnen dat 2. an 3. Joer DAP am Kader vun engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener absolvéieren.
| LTC - Lycée Technique des Arts et Métiers
LTMA - Lycée Mathias Adam
|
Beruffsbegleedend - DAP Aide-soignant
Déi beruffsbegleedend Formatioun vum Aide-soignant adresséiert sech u Persounen, déi ënnert engem Aarbechtsvertrag am Fleegesecteur schaffen, déi schonn eng gewësse Beruffserfarung hunn an net d'Méiglechkeet haten, fir eng Éischtausbildung ze maachen. D'Formatioun dauert 3 Joer a gëtt mat engem DAP als Aide-soignant ofgeschloss.
D'Kandidate mussen:
- mindestens 2.500 Stonnen am Fleegesecteur geschafft hunn,
- op d'mannst hallefdeegs agestallt sinn,
- e favorabelen Avis vun hirem Employeur virleeën,
- no der 5e e favorabelen Orientéierungsavis kritt hunn oder eng als gläichwäerteg unerkannt Certificatioun virleeën,
- sech beim Bilan d'entrée de compétences op enger vun den eligibele Plaze klasséiert hunn.
Eng Zouloossungskommissioun stellt e Klassement op a mécht wann néideg eng Selektioun ënnert de Kandidaten. D'Prozedur fir d'Aschreiwung gëtt um Site vum Lycée technique pour professions de santé (www.ltps.lu) beschriwwen.