GOEN BIS INHALT
D'Portal fir liewenslaangt Léieren
LU
DE
EN
FR
PT
Dir sidd hei:Accueil

Dageseltere ginn

D'Aktivitéit vun Dageseltere (Assistant parental) besteet doran, regelméisseg a géint Bezuele Kanner am Alter vun 0 bis 12 Joer oder Kanner, déi d'Grondschoul oder d'Education différenciée nach net verlooss hunn, dagsiwwer oder nuets am Optrag vun der Persoun/de Persounen, déi d'Suergerecht fir d'Kand hunn, ze betreien. Dës Aktivitéit ass eng Déngschtleeschtung, déi Dageseltere selbststänneg bei sech doheem erbréngen.

D'Zuel vu Kanner, déi Dageseltere maximal gläichzäiteg betreien däerfen, ass op 5 Kanner limitéiert, dovunner däerfe maximal 2 Kanner manner wéi 2 Joer al sinn (déi eege Kanner vu manner wéi 2 Joer mat abegraff).

Fir seng Aktivitéit ausüben ze kënnen, muss den Assistant parental en Agrement vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend hunn.

Fir en Agrement als Dageselteren ze kréien, mussen d'Kandidaten déi folgend Bedéngungen erfëllen:

  • iwwer 18 Joer al sinn,
  • physesch a psychesch an der Lag sinn, Kanner ze betreien,
  • regelméisseg a während mindestens 20 Stonnen am Joer u Weiderbildungs- an Supervisiounsseancen deelhuelen,
  • e Projet d'établissement presentéieren, deen d'Offer an de Konzept fir d'Kannerbetreiung beschreift.

Wat déi néideg berufflech Ausbildung ubelaangt, sou mussen d'Kandidate déi folgend 3 Konditiounen alleguer erfëllen:

  • eng vun de folgende Formatiounen opweisen:

    1. en Diplom am psychosozialen, pädagogeschen, sozio-educativen oder gesondheetleche Beräich hunn;
    2. de Certificat vun der Formatioun fir Sozial- a Familljenhëllef (Aide socio-familiale) hunn;
    3. de Certificat vun der Formatioun fir Dageselteren hunn;

  • d'Virformatioun fir d'Virbereedung op d'Ausüben an d'Organisatioun vun der Aktivitéit als Dageseltere matgemaach hunn;

  • op d'mannst eng vun de Sproochen, déi am Gesetz vum 24. Februar 1984 iwwer de Sproocheregime virgesi sinn (Lëtzebuergesch, Däitsch oder Franséisch), verstoen a schwätze kënnen.
Persounen, déi keng Grondausbildung am sozio-educative Beräich oder am Gesondheets- a Fleegeberäich hunn, mussen d'Formatioun fir Dageseltere matmaachen, fir den Agrement ze kréien.

Agrementsprozedur: wéi gesinn déi verschidden Etappen aus?

D'Agence Dageselteren, déi vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend conventionnéiert ass, ass e Service fir d'Formatioun, d’Informatioun an d’Orientatioun vun Dageselteren, Elteren a sozialen Ariichtungen.

Fir en Agrement fir d'Aktivitéit als Dageselteren ze kréien, si folgend Etappe virgesinn:

  • Kandidaten, déi drun interesséiert sinn, d'Aktivitéit als Dageselteren auszeüben, musse sech un d’Agence Dageselteren wenden a sech fir eng Informatiounssëtzung aschreiwen. Dës Informatiounsveranstaltung erlaabt de Kandidaten, sech bewosst ze ginn, wat d'Aktivitéit als Dageseltere mat sech bréngt.
  • Duerno reechen d'Kandidaten e Bewerbungsdossier bei der Agence Dageselteren an a gi fir en Eenzelgespréich iwwer hir perséinlech a berufflech Motivatiounen, fir d'Aktivitéit als Dageselteren auszeüben, an hir sproochlech Kompetenzen agelueden.
  • No dësem Gespréich ginn d'Kandidate vun der Agence Dageselteren convoquéiert, fir déi obligatoresch Virformatioun vu 6 Deeg matzemaachen, déi op d'Ausüben an d'Organisatioun vun der Aktivitéit als Dageseltere virbereede soll. D'Virformatioun kascht 216 € (Tarif vum Mee 2017). D'Lëscht vun den Dokumenter, déi beim Ministère anzereeche sinn, gëtt an der Virformatioun ausgedeelt.
  • No der Informatiounssëtzung, dem Eenzelgespréich an der Virformatioun mussen d'Kandidaten e kompletten Dossier beim Département de l'enfance et de la jeunesse, Service de l'éducation et de l'accueil, vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend areechen.
  • De Kandidat, deen e kompletten Dossier ofginn huet, gëtt duerno vum Ministère kontaktéiert, fir eng Visite d’agrément op der Plaz, wou d'Aktivitéit ausgeüübt gëtt, ze organiséieren.

Dageselteren, déi d'Virformatioun matgemaach hunn an déi néideg initial berufflech Qualifikatioun, déi d'Gesetz virgesäit, opweise kënnen, kréien en Agrement fir eng Dauer vu maximal 5 Joer.

Déijéineg, déi net déi gefrote berufflech Qualifikatioun hunn, mussen d'Formatioun fir Dageseltere matmaachen a kréien e provisoreschen Agrement fir eng Dauer vun héchstens 3 Joer.

Formatioun fir Dageselteren

Dageselteren, déi d'Virformatioun ofgeschloss hunn an net déi néideg initial berufflech Qualifikatioun, déi d'Gesetz virgesäit, opweise kënnen, mussen d'Formatioun fir Dageseltere matmaachen.

Dës Formatioun ëmfaasst op d'mannst 100 Stonne Cours an op d'mannst 40 Stonne Stage an engem agreéierten Educatiouns- a Betreiungsservice.

D'Formatioun fir Dageselteren gesäit déi folgend Moduller vir:

  1. Charakteristiken a pädagogesch Grondsätz vun der net formeller Erzéiung
  2. Grondkenntnesser iwwer d'Entwécklung vum Kand
  3. Kommunikatioun a Gestioun vu Konflikter
  4. Ernärung vu Kanner a Liewensmëttelhygiene
  5. déi net formell Aktiouns- an Educatiounsberäicher, déi am nationale Referenzkader definéiert sinn
  6. berufflech an administrativ Aspekter am Zesummenhang mat der Aktivitéit als Dageselteren
  7. Erzéiungsaktiounen an der Famill

D'Formatioun fir Dageselteren gëtt vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend op der Basis vum Avis vun der Kommissioun fir d'Formatioun vun Dageselteren certifiéiert, ënnert der Bedéngung, datt:

  • den Apprenant u mindestens 80% vun de Coursë vun all Module vun der Formatioun fir Dageselteren aktiv deelgeholl huet;
  • den Apprenant de Stage vu 40 Stonnen an engem agreéierten Educatiouns- a Betreiungsservice gemaach huet;
  • den Apprenant bei engem Bilansgespréich der Kommissioun fir d'Formatioun vun Dageselteren de Formatiounsdossier presentéiert huet, an deem déi verschidden Acquisen aus der Formatioun an dem Stage opgelëscht sinn.

Lescht Aktualiséierung - 28.09.2020
Deelt dësen Inhalt

 

Drécken Alles gesinn/verstoppen Un e Frënd schécken
All d'News gesinn
 
 
Jan Feb Mäe Abr
Mee Juni Jul Aug
Sep Okt Nov Dez
War dës Säit nëtzlech fir Iech? Är Meenung hëlleft eis, dëse Site ze verbesseren. Schéckt Är Commentairen un eise webmaster. Jo E bëssen Nee
Asaz vu Cookien

lifelong-learning.lu setzt Cookien an, fir Iech eng héichwäerteg User-Experienz ze garantéieren, de Benotzertrafic ze moossen, d'Funktionalitéite vun de sozialen Netzwierker ze optiméieren an Iech personaliséiert Inhalter unzebidden.

Wann Dir op dësem Site weidersurft, erkläert Dir Iech mam Asaz vu Cookien ënnert de Konditiounen, déi an den entspriechender Richtlinne festgeluecht goufen, averstanen. Méi doriwwer.

Noutwenneg Cookien
Dës Cookien erlaben et, d'Haaptfunktionalitéite vun eisem Site ze benotzen (zum Beispill den Zougang zu Ärem perséinleche Beräich). Ouni dës Cookië kënnt Dir eise Site net normal benotzen.
Statistiken
Dës Cookien erlaben eis, Statistiken iwwer d'Frequentatioun vun eisem Site opzestellen. Wann Dir se desaktivéiert, verhënnert Dir, datt mir d'Qualitéit vun eise Servicer suivéieren a verbessere kënnen.
Geziilt Publicitéit
Dës Cookien erlaben et, Iech um Internet an an de sozialen Netzwierker Informatiounen a Formatiounsofferen unzeweisen, déi Äre Besoinen am beschten entspriechen.

Eis Richtlinne fir den Asaz vu Cookië consultéieren

Akzeptéieren D'Cookië parametréieren
Veuillez patienter...