5es-Klassen
Vill
Erwuessener hunn den Niveau vun der 5e, deen et hinnen erlaabt, hir berufflech a perséinlech Projeten ëmzesetzen, net erreecht. Dat selwecht gëllt fir
Persoune mat engem Migratiounshannergrond, déi iwwer keen unerkannte Bildungsniveau oder net iwwer déi néideg Sproochekenntnesser verfügen, fir an de Formatiounssystem zu Lëtzebuerg opgeholl ze ginn.
D'5e ass eng decisiv Klass, fir Zougang zu Studien am Secondaire an zu der Beruffsausbildung ze hunn. All dëse Persoune bitt d'Erwuessenebildung am Kader vum 2. Bildungswee verschidden Dispositiffen un, déi et hinnen erlaben, de 5es-Niveau ze erreechen.
5es-Klassen am Enseignement secondaire classique (ESC)
D'5e huet eng duebel Finalitéit: engersäits d'Reussite vum ënneschten Zyklus am Classique an anerersäits d'Preparatioun op d'4e.
Si gëtt an Dagescoursen organiséiert, zitt sech iwwert ee Schouljoer a riicht sech u Kandidate mat engem certifiéierten Accès zu enger 8eTE, mat enger gepackter 6e am Classique oder op Zoulossungsdossier.
D'Kandidaten, déi op d'mannst 17 Joer al si mussen, mussen en Dossier fir d'Preinscriptioun zesummestellen an dëse bei der ENAD areechen.
École nationale pour adultes (ENAD)
15, rue de l’Aciérie
L-1112 Luxembourg
Tel: +352 26 65 03 50 1
info@enad.lu
www.enad.lu/offre-scolaire/5e-classique/
5es-Klassen am Enseignement secondaire général (ESG)
5es-Klassen am Enseignement secondaire général (ESG) |
|
Éischtausbildung
|
2. Bildungswee |
5e générale d'orientation
5G
|
5e générale d'adaptation
5AD
|
5e générale de préparation
5P
|
Klasse vun der 5e générale d’orientation (5G) FR: Franséischsproochege Regimm
- 5G - Owescoursen am LTC, LGK, LN
-
5G-FR - Owescoursen am LTC
-
5G a 5G-FR - Owescoursen a Blended learning organiséiert vum SFA
- 5G (≥17 Joer) - Dagescoursen an der ENAD
Kalsse vun der 5e générale d’adaptation (5AD) FR: franséischsproochege Regimm - 5AD - Owescoursenam LGK, LTC,LN
- 5AD-FR - Owescoursen am LTC
- 5AD a 5AD-FR - Dagescoursen a Blended learning organiséiert vum SFA
- 5AD - Coursë fir jonk Erwuessener (>16 Joer) am CNFPC
Integratiounsklassen FR: franséischsproochege Regimm- 5G-FR intégration - Dagescoursen organiséiert vum SFA
- 5AD-FR intégration - Dagescoursen organiséiert vum SFA
|
Orientatioun |
Virbereedung |
5een an Owescoursen, Dagescoursen an am Blended learning
Persounen, déi keng 5e ofgeschloss hunn, kënnen dëst an Owescoursen, an Dagescoursen oder am Blended learning nohuelen. Klasse vun der 5e G (Basisniveau oder avancéierten Niveau) an der 5e AD ginn a follgenden Instituter ugebueden:
D'Klasse ginn och am Regime francophone ugebueden. Den Unterrecht ass organiséiert an 12 bis 24 Stonne Cours d'Woch iwwer zwee Semester, vu September bis Juni.
Um Enn vun der 5e vum Enseignement secondaire général sinn, ofhängeg vum Niveau, deen erreecht gouf, a vun de Viraussetzunge fir déi ugestrieft Formatioun, 5 Bildungsweeër méiglech:
Klasse vun der 5e intégration
E Parcours fir d'Kompetenze vu Persounen, déi nei an d'Land koumen, ze verstäerken
Eng Qualifikatioun an d'Beherrsche vun de Landessprooche sinn d'Viraussetzungen dofir, datt en Erwuessene sech op Dauer um Aarbechtsmaart vum Opnamland integréiere kann. Zu Lëtzebuerg ass d'5e eng decisiv Klass, fir Zougang zu deenen ieweschten Zykle vum Enseignement secondaire an der Beruffsausbildung Zougang ze hunn.
D'Klasse vun der 5e intégration adresséiere sech besonnesch u Persounen, déi internationale Schutz ugefrot oder accordéiert kritt hunn, genee wéi u Leit, déi nei an d'Land komm sinn an zwar Englesch, mä net d'Sprooche vum Land kënnen. D'Klasse vun der 5e générale mat verschiddenen Niveaue ginn ugebuede mat engem verstäerkte Programm am Franséischen oder am Däitschen, mat Mathematikscoursen, Coursë fir d'Fërderung vun de Kompetenzen am digitale Beräich an an der Civique a mat Orientatiounssessiounen.
Ergänzt gëtt dësen Dispositif duerch eng Passerellesklass fir Kandidaten, déi am Laf vum Schouljoer wëllen opgeholl ginn.
Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend
Service vun der Erwuessenebildung
15, rue Léon Hengen
L - 1745 Luxembourg
Tel. +352 247 85100
sfa@men.lu
www.men.public.lu