Certificat de capacité professionnelle – CCP
Erwuessener, déi eng éischte Kéier oder op en Neits de Wonsch verspieren, en Handwierk oder e Beruff ze léieren oder hir berufflech Carrière ëmzeorientéieren, kënnen am Kader vun engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener e CCP am duale System kréien.
De CCP ass eng berufflech Grondausbildung.
All Persoun, déi am Berufssliewe steet, kann och e CCP iwwer de Wee vun der Validation des acquis de l'expérience (
VAE) kréien.
Erwuessenebildung - Lëscht vun de CCPen
All berufflech Ausbildungen, déi am Kader vun engem Ausbildungsvertrag ugebuede ginn, si fir Erwuessener zougänglech. D'Kandidate kënne sech beim Beruffsinformatiouns-Zentrum vun der Aarbechtsagence (Agence pour le développement de l’emploi - ADEM) informéieren.
Lëscht vun de CCPen am Kader vun engem Ausbildungsvertrag.
Bei der Erwuessenebildung mussen d'Kandidaten:
Organisatioun | Kontakt |
Bei engem Ausbildungsvertrag fir Erwuessener gëtt d'Formatioun am duale System ugebueden: - Schoulesch Ausbildung an engem Lycée,
- Modullen am Formatiounsorganismus, déi de Kandidat am Kader vu senger Beschäftegung bei der Entreprise, mat där hien en Ausbildungsvertrag ofgeschloss huet, suivéiert. D'Entreprise muss autoriséiert sinn, fir Léierjongen a -meedercher auszebilden.
Erwuessen Apprentië kréie während hirer Ausbildung de soziale Mindestloun.
Erwuessener, déi eng Ausbildung maache wëllen, mussen hiren Dossier perséinlech beim Beruffsberodungsservice vun der ADEM ofginn. Den Dossier gëtt der Commission consultative virgeluecht, déi dem Kandidat hir Entscheedung schrëftlech matdeelt. Am Fall vun enger positiver Entscheedung kontaktéiert den erwuessenen Apprenti, deen eng Entreprise fir seng Ausbildung fonnt huet, de Beruffsberodungsservice vun der ADEM, fir d'Dokumenter, déi fir den Ofschloss vum Ausbildungsvertrag néideg sinn, ofzehuelen. Ausbildungsverträg fir Erwuessener kënnen nëmmen tëschent dem 16. Juli an dem 1. November vum Ausbildungsjoer ofgeschloss ginn. | ADEM – Agence pour le développement de l’emploi (Aarbechtsagence)Service d'orientation professionnelle
Maison de l'Orientation 29, rue Aldringen L-1118 Luxembourg Tél. +352 247 85480 +352 247 85387 Info.op@Adem.public.lu www.Adem.public.lu
Maison de l'Orientation "Beim Park" 7, avenue de la Gare L-9233 Diekirch Tél. +352 247 65430
Agence Belval 1, blvd. Porte de France L-4360 Esch-sur-Alzette Tél. +352 247 75411
|
D'Participatioun un de Coursen hänkt vun de Sproochekenntnesser of, déi fir d'Formatioun néideg sinn.