D'Portal fir liewenslaangt Léieren
LU
DE
EN
FR
PT

Meeschterkaart (Brevet de maîtrise)

Erwuessener, déi hir eegen Entreprise grënnen a leede wëllen oder déi e Poste mat Verantwortung an engem Handwierks-, Industrie- oder Handelsbetrib iwwerhuele wëllen, kënnen d'Meeschterkaart kréien, wa si un deenen entspriechende Virbereedungscoursë vun der Handwierkschamber deelhuelen, fir zum Ofschlossexamen zougelooss ze ginn.

Mat der Meeschterkaart kann ee sech am Handwierk selbststänneg maachen, e Poste mat Verantwortung an engem Betrib iwwerhuelen a Léierbouwen a -meedercher ausbilden.

D'Kandidate mussen op d'mannst 18 Joer al sinn an ee vun de folgenden Diplomer hunn:

  • Diplôme d'Aptitude Professionnelle (DAP) oder fréieren CATP
  • Diplôme de technicien (DT)
  • Diplôme de fin d’études secondaires classiques (DFESC)
  • Diplôme de fin d’études secondaires générales (DFESG)
  • All Diplom vum post-secondairen Unterrecht (BTS, Bachelor, Master,…)
  • En auslänneschen Diplom oder Certificat, dee vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend unerkannt ass

an op d'mannst ee Joer Beruffserfarung am gewielte Beruff noweisen, fir zum Ofschlossexamen zougelooss ze ginn.

D'Meeschterkaart kann een och ganz oder deelweis iwwer de Wee vun der Validation des acquis de l'expérience kréien (VAE).

Virbereedungscoursen

D'Virbereedungscoursë fir d'Meeschterkaart sinn a Moduler opgedeelt, déi 2 Voleten ofdecken:

Organisatioun a Gestioun vun Entreprisen an applizéiert Pedagogik
• Berufflech Theorie a Praxis

D'Formatioun dauert am Prinzip 3 Joer, d'maximal Dauer, fir all d'Moduler ze packen, ass awer op 6 Joer festgeluecht. D'Coursë ginn am Prinzip wiertes owes an iwwer de Weekend ofgehalen.

D'Kandidate kënnen hire Parcours no hirem eegene Rhythmus organiséieren. Sie wiele bei der Aschreiwung déi Moduler aus, déi si besiche wëllen. D'Coursë fänken am Prinzip tëschent Mëtt an Enn September un a lafe bis am Mäerz d'Joer duerno.

D'Umeldungskäschte fir d'Virbereedungscoursë leie bei 600 Euro pro Umeldungsjoer. D'Umeldungskäschte fir d'Exame leie bei 300 Euro pro Examenssessioun.

D'Lëscht vun den zougängleche Beruffer an d'Programmer uweisen

Ofschlossexame vun der Meeschterkaart

D'Handwierkschamber organiséiert 2 Examenssessioune pro Joer.

D'theoretesch Examen
  • Fréijoerssessioun: vun Enn Mäerz bis Mëtt Abrëll
  • Hierschtsessioun: vun ufangs bis Mëtt Oktober
D'praktesch Examen
  • Fréijoerssessioun: tëschent Mëtt Mee an dem 31. Juli

Bedéngunge fir zum Examen zougelooss ze ginn

Fir zu den theoreteschen Examen zougelooss ze ginn, mussen d'Kandidaten u mindestens 80 % vun de Coursen, fir déi si ugemellt waren, deelgeholl hunn an hir Aschreiwungskäschte bannent de virgeschriwwenen Delaie bezuelt hunn.

Fir zu de prakteschen Examen zougelooss ze ginn, mussen d'Kandidaten all d'Exame vun der berufflecher Theorie gepackt hunn, eng Beruffserfarung vu mindestens engem Joer (déi si sech nom DAP/CATP beim Ausübe vun deem Beruff, fir dee si sech ugemellt hunn, ugëeegent hunn) noweisen an hir Umeldungskäschte bannent de virgeschriwwenen Delaie bezuelt hunn.

Bei all Sessioun kënnen d'Kandidaten d'Examen an de Fächer Organisatioun a Gestioun vun Entreprisen, applizéiert Pedagogik a berufflech Theorie ofleeën. D'Examen iwwer d'berufflech Praxis ginn nëmmen am Fréijoer organiséiert.

D'Umeldunge gi vum 15. Juni bis spéitstens de 15. August ugeholl. D'Kandidate musse sech bei all Sessioun nei fir d'Coursen an d'Examen umellen.

Lescht Aktualiséierung - 03.10.2018

 

Drécken Alles gesinn/verstoppen
Op Facebook deelen Op Twitter deelen Op LinkedIn deelen Un e Frënd schécken
All d'News gesinn
 
 
Jan Feb Mäe Abr
Mee Juni Jul Aug
Sep Okt Nov Dez
War dës Säit nëtzlech fir Iech? Är Meenung hëlleft eis, dëse Site ze verbesseren. Schéckt Är Commentairen un eise webmaster. Jo E bëssen Nee
Asaz vu Cookien

lifelong-learning.lu setzt Cookien an, fir Iech eng héichwäerteg User-Experienz ze garantéieren, de Benotzertrafic ze moossen, d'Funktionalitéite vun de sozialen Netzwierker ze optiméieren an Iech personaliséiert Inhalter unzebidden.

Wann Dir op dësem Site weidersurft, erkläert Dir Iech mam Asaz vu Cookien ënnert de Konditiounen, déi an den entspriechender Richtlinne festgeluecht goufen, averstanen. Méi doriwwer.

Noutwenneg Cookien
Dës Cookien erlaben et, d'Haaptfunktionalitéite vun eisem Site ze benotzen (zum Beispill den Zougang zu Ärem perséinleche Beräich). Ouni dës Cookië kënnt Dir eise Site net normal benotzen.
Statistiken
Dës Cookien erlaben eis, Statistiken iwwer d'Frequentatioun vun eisem Site opzestellen. Wann Dir se desaktivéiert, verhënnert Dir, datt mir d'Qualitéit vun eise Servicer suivéieren a verbessere kënnen.
Geziilt Publicitéit
Dës Cookien erlaben et, Iech um Internet an an de sozialen Netzwierker Informatiounen a Formatiounsofferen unzeweisen, déi Äre Besoinen am beschten entspriechen.

Eis Richtlinne fir den Asaz vu Cookië consultéieren

Akzeptéieren D'Cookië parametréieren