D'Portal fir liewenslaangt Léieren
LU
DE
EN
FR
PT

Finanziell Bäihëllfe fir Héichschoulstudien

Eng Bourse an/oder e Prêt kréien

All Persoun, déi an engem Héichschoulstudiegang ageschriwwen ass, kann eng finanziell Bäihëllef fir Héichschoulstudien ufroen, wa si bestëmmte Konditiounen erfëllt.

Detailer

Fir eng Bäihëllef fir Héichschoulstudie kënnen unzefroen, musse folgend Bedéngungen erfëllt sinn:

  • an engem Héichschoulprogramm ageschriwwe sinn, dee mat engem unerkannten Diplom ofschléisst,
  • pro Semester Coursë mat mindestens 15 ECTS-Kreditter beleeën (fir Fern- an Deelzäitstudien),
  • fir all Beruffsausbildung am Ausland:
    • iwwerpréiwen, ob déi betraffe Formatioun net zu Lëtzebuerg ugebuede gëtt,
    • eng schrëftlech Autorisatioun beim Service de la formation professionnelle vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend ufroen,
  • all Persoun, déi zu Lëtzebuerg wunnt, muss eng vun de folgende Konditiounen erfëllen:
    • lëtzebuergesche Staatsbierger sinn,
    • EU-Bierger (EU + EWR) sinn an zu Lëtzebuerg schaffen,
    • Famill mat enger uewe genannter Persoun sinn,
    • zënter mindestens 5 Joer am Grand-Duché liewen,
    • politesche Flüchting sinn.
  • all Persoun, déi net zu Lëtzebuerg wunnt, muss eng vun de folgende Konditiounen erfëllen:
    • lëtzebuergesche Staatsbierger oder EU-Bierger (EU + EWR) sinn an zu Lëtzebuerg schaffen,
    • Famill mat engem lëtzebuergesche Staatsbierger oder engem EU-Bierger (EU + EWR) sinn, deen
      • zënter mindestens 5 Joer am Grand-Duché schafft (bannent de leschte 7 Joer virun der Demande fir eng finanziell Bäihëllef),
      • eng Pensioun, eng Rent oder e Complement de chômage vum Lëtzebuerger Staat kritt,
    • eng Weeserent kréien. 

Dës finanziell Bäihëllef ka mat den AFR-Bourssen (Aides à la formation-recherche) kumuléiert ginn, mat deene Fuerscher während hiren Doktorat- oder Post-Doktorat-Studien ënnerstëtzt ginn (www.fnr.lu), genee wéi mat den Erasmus+-Bourssen, déi d'international Mobilitéit vun de Studente fërdere sollen oder de Bourssen, déi Studente fir speziell Meritte kréien.

D'Bäihëllef ass awer net kumuléierbar mat equivalente finanzielle Bäihëllefen, déi am Wunnsëtzland vum Student ausbezuelt ginn, oder mat anere finanzielle Virdeeler opgrond vum Studentestatut.

Beispill

De Lucas, Salarié, wëll e Masterdiplom kréien

De Lucas, 35 Joer, wëll iwwer de Wee vun der Weiderbildung e Master a "Gestion des entreprises" maachen a freet sech, wéi eng staatlech Bäihëllefen hien an Usproch huele kann. D'Aschreiwungskäschte leie bei 5.000 € an d'Coursë lafen iwwer zwee Joer a gi freides a samschdes ofgehalen. De Lucas kritt vu sengem Patron eng Demande fir individuelle Formatiounscongé accordéiert. Wann dës Demande vum zoustännege Ministère akzeptéiert gëtt, kann hie bis zu 20 Deeg zousätzleche Congé nieft senger normaler Pai kréien. Hien informéiert sech ausserdeem beim CEDIES, fir erauszefannen, ob de Staat him eng finanziell Bäihëllef fir Héichschoulstudien accordéiere kann.

Finanziell Bäihëllefen: Bourssen a Prêt

D'finanziell Bäihëllef pro Semester setzt sech folgendermoossen zesummen:

  • eng Basisbourse vun 1.000 €,
  • eng Mobilitéitsbourse vun 1.225 €, wann de Kandidat net a sengem Wunnsëtzland studéiert an an deem anere Land Loyer bezilt,
  • eng Sozialbourse vu bis zu 1.900 €, déi vum gesamte Joresakommes vum Stot (wéi am Artikel 7 vum geännerte Gesetz vum 4. Dezember 1967 iwwer d'Akommessteier definéiert), zu deem de Kandidat gehéiert, ofhänkt,
  • eng Familljebourse vun 250 €, wann aner Kanner aus dem Stot, zu deem de Kandidat gehéiert, och eng finanziell Bäihëllef fir Héichschoulstudie kréien,
  • e Basisstudenteprêt vun 3.250 €, dee vum Staat garantéiert gëtt.

Rechent de Montant vun der finanzieller Bäihëllef mat dësem Simulator aus.

Aschreiwungskäschten

D'Aschreiwungskäschte gi bei der Berechnung vun der finanzieller Bäihëllef berücksichtegt.

Si mussen dofir iwwer 100 € d'Joer leien a sinn op maximal 3.700 € pro Studiejoer begrenzt. Si ginn ëmmer zu 50% bei d'Bourse an zu 50% bei de Prêt derbäigerechent.

Beispill
Wann d'Aschreiwungskäschte sech op 2.300 € belafen, gi fir d'éischt 100 € (administrativ Käschten) ofgezunn an duerno 1.100 € bei d'Bourse an 1.100 € bei de Prêt derbäigerechent.

Rechent de geneeë Montant vun den Aschreiwungskäschte, déi rembourséiert ginn, mat dësem Simulator aus.

Demarchen an Delaien

Fir all Semester muss eng Demande iwwer de Questionnaire vum Centre de Documentation et d'Information sur l'Enseignement Supérieur (CEDIES) agereecht ginn.

Dës Demande kann online iwwer MyGuichet gemaach ginn. Fir Iech bei Ären Demarchen ze hëllefen, kënnt Dir Iech de MyGuichet-Tutorial ukucken.
Dir kënnt och d'Formulairen a Pabeierform an der Rubrik Formulaires um Site MyGuichet eroflueden.

Jee no der Situatioun vum Kandidat mussen all dës Dokumenter oder verschiddener dovun ugehaang ginn:

  • Certificat vun der Aschreiwung op der Universitéit,
  • bezuelte Rechnung vun den Aschreiwungskäschten,
  • lëtzebuergesche Certificat de résidence,
  • Affiliatiounscertificat vum Centre commun de la Sécurité sociale,
  • Paiziedel vun deene leschten dräi Méint.

Delaien 2019-2020

  • 1. Demande (Wanter)

    • De Formulaire ka vum 1. August 2019 un erofgeluede ginn.
    • D'Dokumenter kënnen entweder perséinlech an der Receptioun vum CEDIES ofgi ginn oder den ausgefëllten an ënnerschriwwene Formulaire kann zesumme mat alle Beleger virum 30. November 2019 per ageschriwwenem Bréif un de CEDIES geschéckt ginn.
  • 2. Demande (Summer)

    • De Formulaire "Demande subséquente" ka vum 1. Januar 2020 un erofgeluede ginn.
    • D'Dokumenter kënnen entweder perséinlech an der Receptioun vum CEDIES ofgi ginn oder den ausgefëllten an ënnerschriwwene Formulaire kann zesumme mat alle Beleger virum 30. Abrëll 2020 per ageschriwwenem Bréif un de CEDIES geschéckt ginn.
Allgemenge Prinzip vun der Demande fir eng finanziell Bäihëllef

E Student, deen am viregte Semester eng finanziell Bäihëllef krut, fëllt esou laang, wéi hien den Zyklus net wiesselt, nëmmen eng Demande subséquente aus.

E Student, deen am viregte Semester keng finanziell Bäihëllef krut oder deen den Zyklus wiesselt, fëllt eng éischt Demande aus.

Demanden, déi nom Delai agereecht ginn, gi wéinst ze spéidem Depôt refuséiert.

Lescht Aktualiséierung - 10.05.2019

 

Drécken Alles gesinn/verstoppen
Op Facebook deelen Op Twitter deelen Op LinkedIn deelen Un e Frënd schécken
All d'News gesinn
 
 
Jan Feb Mäe Abr
Mee Juni Jul Aug
Sep Okt Nov Dez
War dës Säit nëtzlech fir Iech? Är Meenung hëlleft eis, dëse Site ze verbesseren. Schéckt Är Commentairen un eise webmaster. Jo E bëssen Nee
Asaz vu Cookien

lifelong-learning.lu setzt Cookien an, fir Iech eng héichwäerteg User-Experienz ze garantéieren, de Benotzertrafic ze moossen, d'Funktionalitéite vun de sozialen Netzwierker ze optiméieren an Iech personaliséiert Inhalter unzebidden.

Wann Dir op dësem Site weidersurft, erkläert Dir Iech mam Asaz vu Cookien ënnert de Konditiounen, déi an den entspriechender Richtlinne festgeluecht goufen, averstanen. Méi doriwwer.

Noutwenneg Cookien
Dës Cookien erlaben et, d'Haaptfunktionalitéite vun eisem Site ze benotzen (zum Beispill den Zougang zu Ärem perséinleche Beräich). Ouni dës Cookië kënnt Dir eise Site net normal benotzen.
Statistiken
Dës Cookien erlaben eis, Statistiken iwwer d'Frequentatioun vun eisem Site opzestellen. Wann Dir se desaktivéiert, verhënnert Dir, datt mir d'Qualitéit vun eise Servicer suivéieren a verbessere kënnen.
Geziilt Publicitéit
Dës Cookien erlaben et, Iech um Internet an an de sozialen Netzwierker Informatiounen a Formatiounsofferen unzeweisen, déi Äre Besoinen am beschten entspriechen.

Eis Richtlinne fir den Asaz vu Cookië consultéieren

Akzeptéieren D'Cookië parametréieren