GOEN BIS INHALT
D'Portal fir liewenslaangt Léieren
LU
DE
EN
FR
PT
Dir sidd hei:Accueil

Accessibilitéitserklärung

D'Organ "INFPC" verflicht sech dozou säin Internetsite accessibel ze maachen, konform zum Gesetz vum 28. Mee 2019 iwwert d’Accessibilitéit vu Websäiten a mobillen Appe vun Organer aus dem ëffentleche Secteur. Dës Accessibilitéitserklärung bezitt sech op www.lifelong-learning.lu.

Wat ass d'digital Accessibilitéit?

Jiddweree muss déi op enger Websäit oder Applikatioun ugewisen Informatiounen einfach ofruffe kënnen, besonnesch Persoune mat enger Behënnerung an/oder déi eng Assistenz-Software oder spezialiséiert Material (blann Persounen, Persounen mat enger Behënnerung un den Aen oder engem aneren Handicap) benotzen.

Konformitéitsstatut

Dësen Internetsite ass partiell konform mat der europäescher Norm EN 301 549 an dem "Référentiel Général d'Amélioration de l'Accessibilité web" (RGAA) v4.1.

Net accessibel Inhalter

Déi heirënner opgelëscht Inhalter sinn aus den ënne genannte Grënn net accessibel.

Net-Konformitéit

Verschidde Faarfkombinatiounen, déi benotzt ginn, erfëllen net déi spezifesch Kontrastufuerderungen, déi sécherstellen, datt den Text fir jiddweree liesbar ass. Mir engagéieren eis, dës Punkten an der nächster Versioun vum Site ze verbesseren.

Disproportionéierten Aarbechtsopwand

  • Net all d'PDF-Dokumenter, déi um Site verfügbar sinn, entspriechen der Norm EN 301 549 V2.1.2;
  • Déi eelsten News, Evenementer a Blog-Artikelen kënnen net pertinent Linktitelen a Bildalternativen enthalen;
  • Verschidde Schnëttstellenelementer kënne Lacunne fir d'Manipulatioun duerch Assistenz-Technologien opweisen.

Den Zougang zu den Informatiounen dierft doduerch awer net blockéiert ginn. Ausserdeem ginn dës Elementer an der nächster Versioun vum Site korrigéiert, fir d'User-Erfarung ze verbesseren an d'Ufuerderungen a Bezuch op d'Accessibilitéit komplett ze erfëllen.

Inhalter, déi net an den Uwendungsberäich vum Gesetz vum 28. Mee 2019 falen

  • Inhalter, déi vun externe Verwaltungen oder vu Formatiounsinstituter, déi Member vu lifelong-learning.lu sinn, zur Verfügung gestallt ginn, ënnerleien net eiser Kontroll.
  • All d'Videoen, déi virum 23. September 2020 vum INFPC realiséiert goufen;
  • All déi animéiert Statistikgrafiken. Hir Beschreiwung ass awer an Textform an den entspriechende Publikatioune verfügbar.

Virbereedung vun dëser Accessibilitéitserklärung

Dës Erklärung gouf den 29.11.2021 erstallt. D'Angaben an dëser Erklärung si korrekt a baséieren op enger effektiver Konformitéitsbewärtung vum Internetsite mat den am RGAA 4.1 fixéierten Ufuerderungen, wéi eng Eegen-Evaluatioun vum Organ "INFPC".

Feedback a Kontakt

Sollt Dir e Problem am Bezuch mat der Accessibilitéit feststellen, biede mir Iech eis eng E-Mail un accessibilite@infpc.lu ze schécken: beschreift eis de Problem sou wéi déi concernéiert Internetsäit. Mir verflichten eis dozou, Iech bannent engem Mount z'äntweren.

Fir de Problem laangfristeg ze léisen, gëtt d'Online-Verbesserung vum Problem a Relatioun mat der Accessibilitéit favoriséiert. Sollt dëst net méiglech sinn, gëtt Iech déi gewënschten Informatioun op Wonsch an engem accessibele Format geschéckt:

  • schrëftlech an engem Dokument oder per E-Mail;
  • mëndlech an engem Gespréich oder per Telefon.

Prozeduren fir sécherzestellen, dass d'Dispositiounen agehale ginn

Am Fall wou d'Äntwert net zefriddestellend ass, hutt Dir och d'Méiglechkeet den Informatiouns- a Pressedéngscht (Service information et presse), dee fir d'Kontroll vun der Accessibilitéit zoustänneg ass, doriwwer z'informéieren, entweder iwwert den Online-Formulaire fir Reklamatiounen, oder den Ombudsmann, Mediateur vum Groussherzogtum Lëtzebuerg.


Dës Erklärung baséiert op deem an der der Implementéierungsdecisioun (EU) 2018/1523 definéiertem Virlag-Dokument. Dës Virlag gehéiert der Europäescher Unioun, a steet ënnert enger Creative Commons Attribution 4.0 International Lizenz.

Lescht Aktualiséierung - 10.12.2021
Deelt dësen Inhalt

 

Drécken Alles gesinn/verstoppen Un e Frënd schécken
All d'News gesinn
 
 
Jan Feb Mäe Abr
Mee Juni Jul Aug
Sep Okt Nov Dez
War dës Säit nëtzlech fir Iech? Är Meenung hëlleft eis, dëse Site ze verbesseren. Schéckt Är Commentairen un eise webmaster. Jo E bëssen Nee
Asaz vu Cookien

lifelong-learning.lu setzt Cookien an, fir Iech eng héichwäerteg User-Experienz ze garantéieren, de Benotzertrafic ze moossen, d'Funktionalitéite vun de sozialen Netzwierker ze optiméieren an Iech personaliséiert Inhalter unzebidden.

Wann Dir op dësem Site weidersurft, erkläert Dir Iech mam Asaz vu Cookien ënnert de Konditiounen, déi an den entspriechender Richtlinne festgeluecht goufen, averstanen. Méi doriwwer.

Noutwenneg Cookien
Dës Cookien erlaben et, d'Haaptfunktionalitéite vun eisem Site ze benotzen (zum Beispill den Zougang zu Ärem perséinleche Beräich). Ouni dës Cookië kënnt Dir eise Site net normal benotzen.
Statistiken
Dës Cookien erlaben eis, Statistiken iwwer d'Frequentatioun vun eisem Site opzestellen. Wann Dir se desaktivéiert, verhënnert Dir, datt mir d'Qualitéit vun eise Servicer suivéieren a verbessere kënnen.
Geziilt Publicitéit
Dës Cookien erlaben et, Iech um Internet an an de sozialen Netzwierker Informatiounen a Formatiounsofferen unzeweisen, déi Äre Besoinen am beschten entspriechen.

Eis Richtlinne fir den Asaz vu Cookië consultéieren

Akzeptéieren D'Cookië parametréieren
Veuillez patienter...