GOEN BIS INHALT
D'Portal fir liewenslaangt Léieren
LU
DE
EN
FR
PT
Dir sidd hei:Accueil > Agenda

Lëtzebuergesch léieren - Heiheem - An der Groussregioun - Weltwäit

Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse - 21/04/2022

De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, huet de 14. Abrëll 2022 op enger Pressekonferenz am Institut National des Langues (INL) d’Offer an d’Vilfalt vum Lëtzebuergeschen an der Erwuessenebildung, esouwéi dat neit INL-Gesetz presentéiert. Nieft enger neier Online-Offer vum INL goufen och nei Léiermaterialien a Lëtzebuergeschcoursen am Ausland vun der Direktesch vum Institut national des langues, Maisy Gorza, a vum Direkter vum Service de la formation des adultes, Erik Goerens, virgestallt.

"Den Interessi un eiser Sprooch ass an den leschte Joren däitlech gewuess. Hei am Land an och am Ausland klëmmt d’Zuel vun deene Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. D’Offer u Méiglechkeeten, eis Sprooch ze léieren, gëtt weider méi villfälteg. Vum klassesche Sproochecours heiheem, bis zur Onlineformatioun an allen Ecker vun der Welt", huet de Claude Meisch betount.

Lëtzebuergesch léieren heiheem

  • Eng Verdueblung vun den Apprenanten an de Lëtzebuergeschcoursen an de leschten 10 Joer
  • Weider Online-Offere vum INL
  • Nei Léiermaterialien

Lëtzebuergesch léieren an der Groussregioun

Lëtzebuergesch léiere weltwäit

  • Eng nei weltwäit gratis Online-Offer fir Lëtzebuergesch ze léieren

Eng iwwerschaffte Base legale fir den INL

Méi Informatiounen dozou op folgender Säit vum Educatiounsministère.

Fir den Inhalt vun dësem Artikel ass eleng hiren Auteur verantwortlech - Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse
Deelt dësen Inhalt

 

Drécken Alles gesinn/verstoppen Un e Frënd schécken
Source
Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse

men.public.lu

Asaz vu Cookien

lifelong-learning.lu setzt Cookien an, fir Iech eng héichwäerteg User-Experienz ze garantéieren, de Benotzertrafic ze moossen, d'Funktionalitéite vun de sozialen Netzwierker ze optiméieren an Iech personaliséiert Inhalter unzebidden.

Wann Dir op dësem Site weidersurft, erkläert Dir Iech mam Asaz vu Cookien ënnert de Konditiounen, déi an den entspriechender Richtlinne festgeluecht goufen, averstanen. Méi doriwwer.

Noutwenneg Cookien
Dës Cookien erlaben et, d'Haaptfunktionalitéite vun eisem Site ze benotzen (zum Beispill den Zougang zu Ärem perséinleche Beräich). Ouni dës Cookië kënnt Dir eise Site net normal benotzen.
Statistiken
Dës Cookien erlaben eis, Statistiken iwwer d'Frequentatioun vun eisem Site opzestellen. Wann Dir se desaktivéiert, verhënnert Dir, datt mir d'Qualitéit vun eise Servicer suivéieren a verbessere kënnen.
Geziilt Publicitéit
Dës Cookien erlaben et, Iech um Internet an an de sozialen Netzwierker Informatiounen a Formatiounsofferen unzeweisen, déi Äre Besoinen am beschten entspriechen.

Eis Richtlinne fir den Asaz vu Cookië consultéieren

Akzeptéieren D'Cookië parametréieren
Veuillez patienter...