Le portail de la formation tout au long de la vie
LU
DE
EN
FR
PT
Vous êtes ici: Accueil > Agenda

"Schwätzt Dir Lëtzebuergesch?" – De B1 ass do

Institut national des langues - 02/11/2020

Letzebuergesch B1 Nom Succès vun de Bicher "Schwätzt Dir Lëtzebuergesch?" A1 an A2, presentéiert Iech den Institut national des langues (INL) den neie Band fir den Niveau B1. Dëst Buch huet sech zënter der Rentrée 2020/2021 an de Librairië bei d'Bicher vun den Niveauen A1 an A2 gesellegt an huet esou d'Serie ëm e ganzen Niveau vergréissert.

D'Bicher A1, A2 a B1 baséieren op dem Gemeinsamen Europäesche Referenzkader fir Sproochen (GER).

"Schwätzt Dir Lëtzebuergesch?" riicht sech an éischter Linn un Erwuessener, déi interesséiert sinn, d'Lëtzebuerger Sprooch ze léieren. Si ginn hei awer och villes iwwert den Alldag zu Lëtzebuerg gewuer, léieren ënner anerem ons d'Land, ons Fester, Feierdeeg a grouss Perséinlechkeete besser kennen an entdecken och verschidde kulinaresch Lëtzebuerger Spezialitéiten.

De Band B1 erméiglecht et Leit, déi den Niveau A1 an A2 schonn erreecht hunn, hir Kenntnisser an der Lëtzebuerger Sprooch ze verbesseren an hir kommunikativ Kompetenzen ze stäerken.

Den INL wäert och Formatioune ubidden, wéi ee mat de "Schwätzt Dir Lëtzebuergesch?" Bicher an enger Klass schaffe kann, dës Formatioune wäerten deelweis och online an a Form vu Videokapsele sinn.

Imprimer Tout voir/cacher Envoyer à un ami
Source
Institut national des langues

www.inll.lu

Utilisation des cookies

lifelong-learning.lu utilise des cookies pour vous offrir une expérience utilisateur de qualité, mesurer l’audience, optimiser les fonctionnalités des réseaux sociaux et vous proposer du contenu personnalisé.

En poursuivant votre navigation sur ce site, vous acceptez l’utilisation de cookies dans les conditions prévues par notre politique en la matière. En savoir plus.

Cookies nécessaires
Ces cookies permettent d'utiliser les principales fonctionnalités de notre site (par exemple l'accès à votre espace réservé). Sans ces cookies, vous ne pourrez pas utiliser notre site normalement.
Statistiques
Ces cookies permettent d'établir des statistiques de fréquentation de notre site. Les désactiver nous empêche de suivre et d'améliorer la qualité de nos services.
Publicité ciblée
Ces cookies permettent de vous proposer sur internet et les réseaux sociaux des informations et des offres de formation qui répondent mieux à vos besoins.

Consulter notre politique d’utilisation des cookies

Accepter tout Paramétrer les cookies